Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Süden: Spannend bis zum Schluss

Chamberwahlen 2018

Süden: Spannend bis zum Schluss

auto_stories

2 min

  • D'CSV kënnt am Süden op 32,24 Prozent, e Plus vu ronn fënnef Prozentpunkten, par rapport zu 2013. D'CSV verléiert domat ee Sëtz a kënnt op siwe Sëtz. Gewielt goufen: Marc Spautz, Félix Eischen, Georges Mischo, Michel Wolter, Jean-Marie Halsdorf, Gilles Roth, Nancy Kemp-Arendt.
  • D'DP läit bei 12,74 Prozent, ronn ee Prozentpunkt méi wéi bei de leschte Chamberwahlen. Domat bleift d'Demokratesch Partei stabel. Gewielt goufen: Pierre gramegna, Claude Meisch, Max Hahn.
  • D'LSAP verléiert ronn dräi Prozent a kënnt elo op 22,23 Prozent. D'LSAP verléiert ee Sëtz, par rapport zu 2013 a kënnt elo op sechs Sëtz am Süden. Gewielt goufen: Jean Asselborn, Mars Di Bartolomeo, Dan Kersch, Dan Biancalana, Alex Bodry, Georges Engel.
  • déi gréng wanne ronn fënnef Prozentpunkte bäi a leie lo bei 14,68 Prozent. déi gréng gewannen domat ee Sëtz, op elo dräi Sëtz. Gewielt goufen: Felix Braz, Roberto Traversini, Josée Lorsché.
  • D'Piratepartei steigert sech vun dräi Prozent 2013 op ronn siwe Prozent. Domat séchert sech d'Piratepartei e Sëtz. Gewielt goufe de Marc Georgen.
  • D'ADR steigert sech ëm e bësse méi wéi ee Prozent op 8,77 Prozent. D'ADR bleift domat bei zwee Sëtz am Süden. Gewielt gouf de Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser.
  • déi Lénk hate just eng liicht Progressioun, vu 5,73 Prozent op 5,96 Prozent. déi Lénk bleiwen domat bei engem Sëtz. Gewielt gouf de Marc Baum.

De Wahlbezierk Süden war dee leschten, dee fäerdeg ausgezielt gouf. Et war bis zum Schluss spannend. Mat Momenter huet et dono ausgesinn, wéi wann d'LSAP ee weidere Sëtz géif verléieren, zur Gonscht vun déi gréng. Dat hätt de weidere Verlaf vum Owend fundamental geännert: Da wier nämlech och eng CSV-Gréng-Koalitioun méiglech gewiescht.