Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Robert Wyatt - The Age Of Self

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Studéiere wärend der Pandemie

Generator

Studéiere wärend der Pandemie

Wéi ergeet et den Ament Studenten op der Uni oder Schüler an hirer Ausbildung? D'Lara Bousch huet dës Woch am Generator Temoignagë gesammelt.

auto_stories

2 min

Bleiwen ech hei oder fueren ech zeréck op Lëtzebuerg? Fale meng Prüfungen elo aus, a wéi soll ech ouni Coursen dofir léieren? Et si keng einfach Froen, déi sech weltwäit jonk Mënsche stelle mussen. E puer Lëtzebuerger hunn eis vun hirem Alldag erzielt, vun der Uni oder der Schoul. Sou zum Beispill de Robin Faha, deen Elektroingenieur zu Aberdeen a Schottland studéiert:

"Meng Course si bis op zwee alleguerten ofgeschloss, éier datt iwwerhaapt déi Situatioun mam Coronavirus de Fall war. Déi zwee aner Course ginn online iwwer e Streaming Service gehalen. Do kann een dann, wann een eng Fro huet, an engem Chat eppes schreiwen, oder wann een e Mikro huet, déi Fro stellen. Wat meng Examen uginn, ass am Moment alles nach relativ onkloer."

Net iwwerall huet een d'Méiglechkeet am Echange ze bleiwe mat Komeroden a Proffen. Wat fir eng Online-Learning-Method benotzt gëtt, hänkt virun allem vun de Proffen of. Verschiddener sëtzen op participativ Methoden, wou ee live de Cours erkläert kritt an och Froe stelle kann, anerer huele Videoe mat hirer Powerpoint op, an erëm anerer verschécken eng simpel Lëscht mat Literatur.

Fir all Method gëllt awer, datt den Online-Learning bei de meeschten Unie scho virdrun eng gängeg Method duergestallt huet, fir ze léieren. Deemno ass dëst net déi gréissten Ëmstellung fir d'Studenten.

D'Lynn Faber studéiert Pharmacie zu Innsbruck. Fir si gëtt et an dëser Situatioun virun allem d'Erausfuerderung, datt ee sech selwer andeele muss:

"Hei muss de dech natierlech aktiv drusetzen, aktiv dru schaffen. Et ass net fir einfach ze soen, jo nee, leeft lo net. Also et ass vill méi selbststänneg Léieren, du gëss vill méi gefuerdert. Du gesäis och wann s de näischt méchs, da kënnt och natierlech kee Resultat. Ech fannen dat am Fong gutt, da gesinn d'Studenten och mol an där Situatioun, wéi selbststänneg si kënne schaffen, ouni datt iergend e Proff seet, si missten an e Cours kommen oder net."