Radioen

On air

De Moien  |  Jackie Moontan - Grace Jones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strukturen an Transparenz

Justizreform

Strukturen an Transparenz

Mat der Stäerkung vun der Justiz an der Verfassung an der Schafung vun engem "Conseil suprême de la justice", wären d'Reformen nach net ofgeschloss fir d'Justiz fir d'Bierger méi accessibel a verständlech ze maachen, erkläert de Justizminister Felix Braz. Beim Fonctionnement an de Modalitéite vum neie Justizrot ginn et nach Onkloerheeten, wat d'Disziplinarprozedure géint Riichter ugeet.

auto_stories

2 min

Dem Félix Braz no soll de geplangte "Conseil suprême de la justice" aus siwe Membere bestoen: Véier Riichter, een Affekot an zwou Persounen aus der Zivilgesellschaft. D'Riichter hunn eng knapp Majoritéit, ënnersträicht de Minister. "Déi Leit, déi dat Organ besetze mussen, kënnen zesummewuessen. Do muss Vertrauen entstoen, an do muss iwwert déi klassesch Majoritéitsverhältnisser eweg kënne matenee geschafft ginn".

D'Kompetenze vum Justizrot sinn:

  • d'Nominatioun an den Avancement vun de Riichter
  • d'Entscheedungsgewalt an Disziplinarfroen
  • Recommandatiounen am Beräich Justiz u Parlament a Regierung maachen
  • Ulafplaz fir Bierger bei Reklamatiounen

De Justizrot kënnt an d'Verfassung stoen. Den Detail awer gëtt iwwert d'Gesetz gekläert, z.B. wat d'Zesummesetzung, d'Nominatioun an d'Kompetenze vum Gremium betrëfft.

Net-Riichter riichten iwwert Riichter?

Kann en Affekot oder eng Persoun aus der Zivilgesellschaft iwwert Riichter decidéieren? Dem Justizminister no wär déi Fro nach net gekläert. Dat géing nach diskutéiert ginn. Bei esou engem Gremium wéi dem "Conseil suprême de la justice" hätt ee just zwou Optiounen: Et wäre just Magistraten dra vertrueden. Da géing ee virgeheit kréien, et wär e korporatistescht Gremium. Oder et géing een dee Conseil opmaache fir aner Leit, déi eppes vum Justizwiese kennen, seet de Minister. An dozou géingen och Affekote gehéieren.

De Félix Braz ënnersträicht awer, datt et bei Disziplinarfroen ëmmer zwou Instanze misst ginn. De "Conseil Suprême de la justice" wär héchstens an der éischter Instanz gefuerdert. Eng zweet Instanz wär zwar schwéier z'organiséieren, "mee mir kréien dat hin", seet de Minister.

D'Justiz an de Bierger

Onkloer ass och, wien op wat fir eng Manéier am Fall vu Reklamatioune vu Bierger un d'Justiz zoustänneg gëtt. Aktuell ginn esou Dossiere vum Ombudsmann traitéiert. Dat kéint och an Zukunft de Fall sinn, mengt de Minister. De "Conseil suprême de la Justice" géing eegen Attributioune fir Reklamatioune kréien, wat fir, seet de Minister net. Dat misst sech nach apendelen, wéi wäit de Justizrot déi Demandë behandele kann, déi un hie geriicht ginn.

D'Justiz misst doriwwer eraus méi transparent, accessibel a verständlech gemaach gi fir d'Bierger, fënnt de Felix Braz. Dofir hätt hien de Service Kommunikatioun vun enger Persoun op zwou opgestockt.