Radioen

On air

Tockcity  |  The Weeknd, Justice - Wake Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stroossen: Koalitioun mat CSV, LSAP an déi gréng

Gememgewale Stroossen

Stroossen: Koalitioun mat CSV, LSAP an déi gréng

Zu Stroossen gëtt et eng Koalitioun tëschent der CSV, LSAP an deene Gréngen. Dat huet eis den aktuellen CSV Buergermeeschter an Éischtgewielten Nico Pundel matgedeelt. D'DP géif deemno an d'Oppositioun geschéckt ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei de Wale ware souwuel d'CSV wéi och d'DP gestäerkt ginn. D'DP hat ee Sëtz gewonnen an d'LSAP ee verluer. Sou datt souwuel d'CSV wéi och d'DP op fënnef Sëtz koumen. Fir d'CSV war et trotzdeem vun Ufank u kloer, datt ee mat der LSAP weiderfuere wëll, erkläert den Éischtgewielten Nico Pundel.

"Ech wollt virun allem mäi Partner d'LSAP net opginn, duerch deen ech dat gutt Resultat gemaach hunn. Et kann een och net soen, datt ech dat einfach eleng gemaach hunn, vun 3 op 5 Sëtz an 2.300 Stëmmen. Dat war eng gemeinsam Aarbecht an dofir war et kloer, datt mir awer kucke géife, mat hinnen eens ze ginn. A fir méi Stabilitéit ze kréien hu mir gesot, mir huelen déi Gréng mat dobäi."

Mat der LSAP an déi gréng géif ee sech op ganzer Linn eens ginn, an an de Walprogrammer géif et genuch Schnëttstelle ginn, sou nach den Nico Pundel.

DP: Keng Réckmeldung vu anere Parteien

Dat confirméiert och d'Maryse Bestgen, éischt op der Lëscht vun de Gréngen. Den DP-Conseiller Marc Fischer kritiséiert vu senger Säit aus, wéi dës Koalitioun zu stane komm ass. D'DP hätt schonn um Walowend selwer probéiert, sech mat deenen anere Parteien auszetauschen, awer keng Réckmeldung kritt.

"Et ass keen eenzegen Echange a kenger Form zustane komm. Jojo mir schwätzen da muer a sou weider. Mat villem Ugeklapps vun eiser Säit, dat war carrement e Refus an d'Dieren zougeklaakt. An dat ass eppes, wat ech perséinlech och ëmmer schued fannen, datt een den Echange net siche geet."