arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik vun der GDL

Däitschland

|
reading time

1 min

Streik vun der GDL

Bei der däitscher Bunn ass haut a muer nees e Streik vun de Maschinisten. Bis iwwermuer ginn et staark Perturbatiounen am däitschen Zuchverkéier, sou d'Deutsche Bahn. Och d'Zuchverbindungen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland si betraff.

reading time

1 min

Déi laang Zuchstrecke wiere besonnesch betraff, just e Véierel vun de regulären Zich sollen do fueren. D'Deutsche Bahn réit betraffene Passagéier, wa méiglech haut a muer net mam Zuch ze reesen.

Och d'Zuchverbindungen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland si betraff. Ganz annuléiert sinn d'Zich tëscht Lëtzebuerg a Koblenz, an tëscht der Tréierer Haaptgare a Wittlich, sou d'CFL op hirem Internet Site.

Hannergrond vum Streik ass e Sträit iwwer d'Paien an eng Corona-Primm. D'Deutsche Bahn hat gëschter gesot, si wier bereet iwwer eng Corona-Primm ze diskutéieren. Der Gewerkschaft GDL goung dat net duer.