Radioen

On air

De Weekend  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch

Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Net vill Neies, net kohärent a keng definéiert Objektiver. Esou gesäit d'Oppositioun déi nei Regierungsstrategie. Dës soll iwwer déi nächst 20 Joer ënner anerem de Stellewäert vum Lëtzebuergesche fërderen. Den Educatiounsminister Claude Meisch weist d'Kritik vu sech: Et wier net un dëser Regierung fir een 20-Joresplang virzeleeën. Als éischt misst ee sech d'Moyene ginn fir esou eng Strategie ëmzesetzen.

auto_stories

3 min

© MENJE

Déi 40 Moossnamen, duerch déi d'Lëtzebuergescht an Zukunft soll gefërdert ginn, existéieren zu engem gewëssen Deel schonn. Zum Beispill de Lëtzebuerger Online Dictionnaire. D'Strategie vun der Regierung wier een Zesummeleeë vun enger ganzer Rëtscht vu Projeten, déi deelweis scho lafen, mengt den LSAP Fraktiounschef Alex Bodry.

Fir den ugekënnegten 20-Joresplang auszeschaffen an de Suivi vun de Moossnamen z'assuréieren, wäert ee Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch nominéiert ginn. Dësen wäert zoustänneg si fir déi geplangt Fërderungsmoossnamen am Educatiounsministère an am Kulturministère ze koordinéieren.

Ronderëm dëse Kommissär géif awer och ee sougenannten Zentrum fir d'Lëtzebuergescht geschaaft ginn. Zu deem sengen Aufgabe géif d'Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch gehéieren, seet de Statssekretär Guy Arendt. Deen Zentrum soll mat anere kulturellen Instituter zesumme schaffen, wéi dem Centre national de littérature, dem Centre national de l'audiovisuel an der Uni Lëtzebuerg.

Wat de Kommissär an den Zentrum fir d’Lëtzebuergescht betrëfft, freet d'CSV Deputéiert a fréier Héichschoulministesch Martine Hansen sech allerdéngs, firwat d'Regierung net op dat géif zeréckgräife wat schonn existéiert. "Mir hu jo zum Beispill ee Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise. Hätt een deen net kéinten ausbauen an deem nach zousätzlech Aufgabe ginn? Déi schaffe jo och schonn un eppes."

Optiounscoursen - eng nei Mesure?

Néi an der Strategie vun der Regierung wier d'Aféiere vun Optiounscoursen am Lycée, seet den Edukatiounsminister Claude Meisch. D'Zil wier et ënner anerem fir de Schüler d'Lëtzebuergesch Orthographie bäizebréngen. Aner Theme kéinten och Lëtzebuerger Literatur a Kultur oder kreatiivt Schreiwen op Lëtzebuergesch sinn. D'Optiounscoursen am Lëtzebuergesche géife viraussiichtlech an eenzele Lycéeë vun der nächster Rentrée un ugebuede ginn, sou de Claude Meisch.

Dës Optiounscoursen am Secondaire wiere keng Neierung, seet d'Martine Hansen. Wann eng Schoul hätt wéilten eng Lëtzebuergesch Optioun ubidden, hätt si dat bis elo och scho kéinte maachen.

Nieft dem nationale soll och den europäesche Volet eng Roll an der Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch spillen. D'Regierung wéilt sech mat den Europäeschen Institutiounen a Kontakt sëtzen. Zil wier et, datt Lëtzebuerger Bierger sech kéinten op Lëtzebuergesch un eng EU-Institutioun wennen, an eng Äntwert op Lëtzebuergesch kréien sou den LSAP Fraktiounschef Alex Bodry.

Kritik a Froe vun der Oppositioun

D'Regierung huet fir d'Ëmsetze vun där néier Strategie een Zäitraum vun 20 Joer festgeluecht. "Et ass einfach e Programm fir sou eppes gemaach ze hunn, ouni Iwwerzeegung, fir iwwer d'Wahle ewech ze kommen", seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. "Wann elo also eng Kritik kënnt, da kann d'Regierung ëmmer verweisen op hiren Aktiounsprogramm, deen awer a Wierklechkeet näischt bréngt."

D'CSV-Deputéiert Martine Hansen kritiséiert hirersäits, datt während dem Zäitraum vun 20 Joer keng konkret Delaie fir d'Realisatioun vun den eenzele Moossname virgesi wieren. Et wier schwiereg fir Echeancen ze setzen, sou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

De Volet Méisproochegkeet

An der Debatt ronderëm d'Fërderung vum Lëtzebuergesche vermësst de Marc Baum de Volet vun der Méisproochegkeet. Zum Beispill am Zesummenhang mam Congé linguistique, deen de Salariéen d'Méiglechkeet bitt a Lëtzebuergesch Coursen ze goen. Ähnlech Mesure kéint een och fir aner Sproochen ubidden. "Dann hätt een eng aner Approche, andeem ee géif soen, mir liewen an enger méisproocheger Gesellschaft. A mir kucken, fir d'Leit, déi wëllen an där Gesellschaft eng aner Sprooch léieren, aktiv z'ënnerstëtzen."

An der Diskussioun iwwer d'Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch hunn d'Oppositiounsvertrieder also eng ganz Rëtsch Fuerderungen. Déi entspriechend Strategie, déi d'Regierung presentéiert huet, dierft deemno an Zukunft nach weiderhin am Gespréich bleiwen.