Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TICE gesäit sech net am Feeler

Ëffentlechen Transport

TICE gesäit sech net am Feeler

auto_stories

2 min

Den TICE léisst sech net vum OGBL a vum Landesverband erpressen. D'Gewerkschaften haten dem Syndikat fir de Persounentransport an de Gemenge vum Kanton Esch en Ultimatum gestallt an eng Entrevue virum 17. Februar gefuerdert. De Syndikat huet awer net noginn an en Treffe fir de 9. Mäerz ugebueden.

D'Gewerkschafte soten d'lescht Woch, beim TICE géif et grave Problemer ginn. De Statut vum Gemengebeamte géif net respektéiert ginn, an déi politesch Responsabel vum TICE géife sech net un Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht halen, heescht et an engem Communiqué.

Hannergrond vun den Uerteeler

Den Henri Hinterscheid, President vum TICE, ass oppe fir den Discours mat de Gewerkschaften. Hie versteet awer net, wou d'Kritik vun de Gewerkschaften hierkënnt. Den Henri Hinterscheid präziséiert am 100,7-Interview den Hannergrond vun den Uerteeler. An hie gesäit sech net am Feeler.

Ee Jugement géif sech op Revocatioune bezéien, respektiv op Net-Nominatioune vu Leit am Stage. "Do si mir an engem Jugement, deen ass annuléiert ginn, well mir e Formfeeler begaangen hunn. Awer kee Fongfeeler." D'Form wier iwwerschafft ginn, och op Récksprooch mam Inneministère. "Sou datt mir dat net kënnen esou acceptéieren." Bei engem zweete Jugement géif een op den Appell waarden.

Keng Kenntnis vu Mobbing

D'Gewerkschafte geheien dem TICE awer och Mobbing géint d'Personal vir. "Déi genee Ëmstänn entzéie sech eiser Kenntnis", seet den Henri Hinterscheid. Plakativ Aussoe vu Mobbing géint Personal wieren einfach an d'Welt ze setzen.

Wa Fäll vu Mobbing géifen optrieden, géif een dat allerdéngs ganz serieux huelen. "Dat spillt sech jo meeschtens zwëschent Beschäftegte selwer of. Da setze mir Mediatiounen en place. Eng plakativ Ausso vu Mobbing, déi acceptéiere mir net. An dat ass och vum Comité unanime rejettéiert ginn."

Reaktioun Henri Hinterscheidplay_arrow