De Bäitrag vum Danièle Weber
Den 23. Juni hat de Parlamentspresident David Sassoli der Kommissiounscheffin an engem Schreiwes reprochéiert, d'Kommissioun géif hirer Aufgab net nokommen, d'Reglement iwwert dee neie Rechtsstaatmechanismus z'applizéieren. Gläichzäiteg goufe rechtlech Schrëtt an d'Weeër geleet. Dofir hat sech eng Majoritéit am Parlament ausgeschwat. Dat geet awer net esou séier, well den EU-Traité gesäit an esou engem Fall een Delai vun zwee Méint vir, bannent deenen d'Kommissioun reagéiere muss.
Kommissioun: Mir schaffen drun
Dat huet si en Dënschdeg, genee een Dag ier deen Delai ofgelaf ass gemaach. Am Bréif, deen eis virläit, verséchert d'Cheffin Ursula von der Leyen, datt den neie Mechanismus net esou wéi d'Parlament dat behaapt, suspendéiert gouf. D'Kommissioun wier éischtens am gaangen konkret Fäll vu Bréch mam Rechtsstaat genee ze analyséieren an zweetens Richtlinne fir d'Applikatioun auszeschaffen, huet en Dënschdeg hire Porte-Parole Balazs Ujvari kloergestallt.
"Mir schaffen op deenen zwou Schinnen. Sou baal all d'Konditiounen erfëllt sinn, fir eis fir d'Reglement ëmzesetzen, zécke mir net, dat ze maachen."
D'Parlament awer gesäit an där Strategie eng Taktik d'Saach an d'Längt ze zéien.
Parlament wëll weider Drock maachen
Duerch hir Reaktioun elo hätt d'Kommissioun gewisen, datt si bei dëser Linne bleift. D'Parlament hat zesumme mat Juristen eng Etude presentéiert, déi konkret Fäll analyséiert. Déi bräicht ee just opzegräifen, sou den Moritz Körner.
"Frau von der Leyen hätte sich jetzt entscheiden müssen, ob sie sich an der Seite des Parlaments entschieden für den Rechtsstaat einsetzt oder ob sie Orban und Katschinsky in die Hände spielt. Und sie hat sich jetzt mit diesem Brief dafür entschieden, den Rechtsstaat nicht entschieden zu verteidigen."
D'Parlament misst elo weider Drock maachen. Dat allerdéngs wäert sech och an d'Längt zéien. D'éischt wäert sech am September déi juristesch Parlamentskommissioun mam Bréif vun der Kommissioun befaassen. Doriwwer, ob wierklech eng Plainte gemaach gëtt, muss awer nach eng Kéier an der Plenière ofgestëmmt ginn.