Logement Sträit op der Schanz
An der Uertschaft Altréier - op der Schanz, wéi ee seet - gëtt et Sträit. Sträit ëm e soziale Wunnengsprojet, deen de Schäfferot zesumme mat der Fondation pour l'accès au logement realiséiere wëllt. Déi Fondatioun ass virun allem bekannt wéinst hirer Agence immobilière sociale; si ass zanter e puer Joer awer och ënner dem Numm Abitatio als Promoteur aktiv. A se gouf vun der Gemeng Bech gefrot do, wou am Moment nach déi al Schanzer Schoul steet, e Komplex mat sechs Wunnunitéiten ze bauen, déi dann u Persoune mat nidderegem Akommes solle verlount ginn. De Projet gëtt awer vun engem Deel vun de Leit am Duerf ofgeleent.
Altréier läit ongeféier um hallwe Wee tëscht Jonglënster an Iechternach, direkt nieft der Streck, an awer e bëssen ofgeleeën. Et ass eng vun den zéng Uertschaften, déi zu der Gemeng Bech gehéieren. E klengt Duerf mat manner wéi 300 Awunner. Mat engem méi grousse Biobuttek, mee soss eigentlech net vill. Et lieft ee roueg op der Schanz.
Mee zënter engem Strapp gëtt et Kaméidiam Duerf - am iwwerdroene Sënn. Lass goung dee Sträit Enn 2019, wéi déi Gemengeresponsabel de soziale Wunnengsbau-Projet um Site vun der aler Schoul virgestallt hunn. Relativ spontan huet sech doropshin e Grupp vu 4, 5 Leit zesummefonnt, deen duerch d'Duerf gezunn ass, fir Ënnerschrëften ze sammelen, a fir an hirem Numm mat der Gemeng ze schwätzen fir de Projet méi kleng ze maachen, oder ganz falen ze loossen.
... a mir sinn d'Leit froe gaang, ob mir kéinten an hirem Numm mat der Gemeng schwätzen, fir de Projet entweder méi kleng ze maachen oder ganz falen ze loossen, seet de Steve Mischel.
"An doropshi krute mer wierklech vu bal all Haushalt op d'mannst eng Ënnerschrëft. Et waren deemools 6 Haiser, wou mer carrément gesot kruten: 'Nee, ech ënnerstëtzen Iech net, fir mech ass dat do eng gutt Iddi.' Mee vun all den anere, wou mer ware, krute mer e Jo."
Si hätten domat 85 Prozent vun de Leit am Duerf hannert sech, soen d'Géigner, déi - wann ee se no de Grënn vun hirer Ofleenung freet virun allem vum ale Schoulhaff schwätzen, deen mam Neibau zwar net verschwënnt, mee duerno vill méi kleng wäert sinn an domat de Leit net méi zur Verfügung steet. De Kanner haaptsächlech, mee och den Erwuessene déi periodesch do fir Duerffester zesummekomm wieren.
Nimby?
De Gilles Hempel, den Direkter vun Abitatio, dem soziale Promoteur, deen de Projet baue soll, hëlt de Géigner dat Argument net of. Hie mengt datt een hei an engem ganz klasseschen Nimby-Fall wier, also not in my backyard.
"Jidderee fënnt soziale Wunnegsbau a Logement abordabel gutt, mee kee wëllt e viru senger Dir hunn. An do ginn dann eben einfach Argument gesicht fir dat eben net mussen esou ze soen, well dat am Moment och net populär ass géint den abordabele Wunnraum ze schwätzen."
Déi Iwwerzeegung koum dem Gilles Hempel spéitstens den 9. Juni op enger vun zwou Informatiounsversammlunge fir d'Bierger, déi zimlech mouvementéiert muss verlaf sinn, an no där sech och e puer Leit aus dem Duerf zu Wuert gemellt hunn, déi fir de Projet sinn. Si wollten dat awer net virum Micro maachen, hei e Passage aus dem Bréif, dee si de Membere vum Schäffen- a Gemengerot geschriwwen hunn:
"Mir wëlle betounen, datt et och Schanzer Bierger ginn, déi stolz an houfreg drop wieren, aner Leit kënnen en Doheem ze bidden. Mir distanzéieren eis och op dëser Plaz vun der Respektlosegkeet, déi an der Biergerversammlung geherrscht huet. Mir sinn och Schanzer a wëlle Schanzer bleiwen, mee mir wëlle keng esou scho bal diskriminant Sloganen doruechter brëllen. Mir kënnen net verstoen wéi ee gläichzäiteg kann 'net géint soziale Wunnengsbau' sinn an, am nächsten Otemzuch vun engem 'Ghetto' oder engem 'Negerduerf' schwätzen."
Weidere Gespréichsbedarf
Do wiert de Steve Mischel sech dann awer am Numm vun de Projets-Géigner. Hie wënscht sech, datt ee keen Amalgamm tëscht hiren Argumenter an den deplacéierte Wieder géif maachen, déi op der Versammlung gefall sinn.
"Mir kënne jo net de Leit e Maulkuerf undoen an enger Versammlung wou se 18 Méint drop gewaart hu fir mat der Gemeng ze schwätzen. Do ware vill Leit, déi ware schonn extrem nervös ier et lass gaangen ass, well se einfach Doleancë vis-à-vis vun der Gemeng haten, déi se einfach net konnte lass ginn, well vun der Gemeng kee sech bei hinne gewisen huet respektiv well een einfach net ukomm ass fir mat der Gemeng ze schwätzen. Et ass een ëmmer ofgewimmelt ginn. Jo, datt da bei deem engen oder anere vläicht e falscht Wuert fält ass a mengen Aen och verständlech, quitt datt et natierlech hei am Dossier net richteg ass. A wéi gesot, dat ass och net eis Saach."
An nach eppes: Si hätten der Gemeng Géigepositioune gemaach, alternativ Plaze genannt fir sozial Wunnengen ze bauen. Mee dorop wier déi net agaang.