Net mol e ganzen Dag nodeems d'Süddeutsche Zeitung an de SPIEGEL de Video verëffentlecht haten, deen d'Ibiza-Affär an Éisträich ausgeléist huet, steet den Hans-Christian Strache virun der Press. Fir ze verkënnegen, wat net méi ze evitéieren ass: säi Récktrëtt.
Op eng wierklech Entschëllegung waart ee fir näischt. Dobäi misst een eng Entschëllegung erwaarde vun engem, dee gefilmt gëtt, während en ëffentlech Opträg géint Hëllef am Wahlkampf wëllt tauschen. Eng Entschëllegung un dat Vollek, dat een hätt solle vertrieden - egal, op ee bei engem groussen Deel vun deem Vollek net ganz beléift ass.
No regrets
Et kéint een alt probéieren, Remords oder Regret ze weisen. Mee dem éisträichesche Vize-Kanzler Strache seng Entschëllegungsried war keng Entschëllegungsried. Se war eng Geleeënheet fir d'Verantwortung an d'Schold un der Affär op anerer ze drécken.
"Katastrophal" an zimlech "peinlech", wier säin Optrieden am Video gewiescht. Hien hätt sech beholl wéi en Teenager an e Macho. Dat sot de Strache zwar. Mee och déi Wierder ware just eng Ramp fir an den nächsten Deel ze kommen: Deen Deel, wou de Strache sech selwer als Affer kann duerstellen.
Den HC Strache schwätzt vun enger Intrig, déi méi perfid gewiescht wier, wéi all aner Intrig, déi hie jee erlieft hätt. Vu kriminellen Netzwierker vu senge Géigner a vun engem politeschen Attentat.
Et sinn ëmmer déi aner
Sou ass net den HC Strache Schold um Video, wat seng politesch Carrière dierft op en Ënn bruecht hunn. Wien an der Afferroll Plaz hëlt ouni wierklech d'Affer ze sinn, kann et sech bequem maachen. Ouni en tatsächlecht Argument ze bréngen, gëtt een entlaascht.
An op eemol sinn et déi politesch Géigner, sinn et d'Medien, sinn et d'Geheimdéngschter, déi Schold hunn.
E Journalist vum SPIEGEL huet dës Verteidegungstaktik vum HC Strache mat der "Dolchstoßlegende" gläichgestallt - mat där an der Weimarer Republik a virun allem am Nationalsozialismus d'Judden, déi lénks Press an lénks Politiker d'Schold un der Néierlag am Éischte Weltkrich kruten. Mat der Positionéierung an der Afferroll kann op emol alles legitiméiert ginn - am Fall vum HC Strache also och dëse Video. Ganz schéi bequem.