Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stock options: Majoritéitsparteie fuerdere Reform

Steieren

Stock options: Majoritéitsparteie fuerdere Reform

Mat de Stock options sollt Lëtzebuerg méi attraktiv fir Entreprisë gemaach ginn. Salariéeë kënnen mat Stock options bezuelt ginn, fir vu steierlechen Avantagen ze profitéieren. Mä elo fuerderen och Vertrieder vun de Majoritéitsparteien, datt d'Stock options op d'mannst reforméiert ginn.

auto_stories

2 min

Foto bigstock / weyo

Salariéen, déi mat Aktien an der Form vu Stock options bezuelt ginn, bezuelen op deem Revenu just 17,5 Prozent Stéieren. Dat ass däitlech manner, wei wann déi Revenuen nom Steierbarême besteiert ginn. Dës Praxis war 2002 duerch eng Circulaire vun der Steierverwaltung agefouert ginn.

D'Steierverwaltung schätzt den "déchet fiscal" vum Staat bei 150 bis 180 Milliounen Euro fir d'Joer 2016.

"Net drobar"

Aus där Situatioun misst een erauskommen, sot d'Viviane Loschetter, Fraktiounscheffin vun déi gréng. An der Majoritéit misst een d'Käpp zesummestrecken, fir eng Léisung ze fannen. D'Stock options wieren "eigentlech net drobar", sou d'Viviane Loschetter.

Mat de Suen, déi duerch d'Stock options verluer ginn, kéint een eppes fir d'Ëffentlechkeet maachen. Wei een d'Stock options konkret ännere soll, konnt d’Viviane Loschetter net soen.

"Zweifelhaft Praxis"

Och den LSAP Deputéierte Franz Fayot kritiséiert de System vun de Stock options. Vun engem Standpunkt vu Steiergerechtegkeet aus wier et eng zweiwelhaft Praxis. Senger Meenung no missten d'Stock options awer net onbedéngt ofgeschaaft ginn.

Eng Reform, fir d'Stock options "nei ze kadréieren", op hiren ursprénglechen Zweck, géif eventuell duer goen. De Franz Fayot kéint sech virstellen, an engem reforméierte System Stock options just nach méiglech ze maachen, wann et sech ëm Aktie vun der eegener Gesellschaft handelt.

"Sozial ongerecht"

D'CSV wëll d'Circulaire iwwert d'Stock options ganz ofschafen. Fir den CSV-Deputéierte Gilles Roth sinn d'Stock options fundamental ongerecht.

Déi 150-180 Milliounen Euro Steiergelder, déi dem Staat 2016 verluer goungen, géifen deem Montant entspriechen, deen d'Leit zu Lëtzebuerg bannen zwee Joer duerch de sougenannten "impôt d'équilibrage budgétaire" bezuelt hätten.

D'Leit hätten also mat der sougenannter Krisesteier bezuelt, fir de Steierverloscht duerch d'Stock options auszegläichen, sou de Gilles Roth. Dat wier "sozial ongerecht an net normal".

Reportage Stock optionsplay_arrow