Chamberwahlen 2018 Stéphanie Empain méiglech gréng Spëtzekandidatin am Norden

D'Nord-Lëscht vun déi gréng fir d'Chamberwahle kéint 100,7-Informatiounen no nieft dem Claude Turmes vun der Stéphanie Empain ugefouert ginn. De grénge Parteipresident wëllt d'Informatioun net kommentéieren.

Pia Oppel / Jean-Claude Franck / cbi

Exklusiv déi gréng

Déi 34 Joer al Stoffwëndelberoderin vun Ierpeldeng a fréier Chargée de mission bei der Arméi ass eisen Informatiounen no am Gespréich fir d'Spëtzekandidatur vun der Françoise Folmer ze iwwerhuelen. De grénge Parteipresident kommentéiert d'Informatioun net. De Christian Kmiotek sot eis awer, d'Wahlkommissioun hätt dem Bezierk Norden e Virschlag gemaach. De Bezierk géif séier eng Decisioun huelen. D'Stéphanie Empain war virun zéng Joer schonn am Comité vun déi jonk gréng.

D'Françoise Folmer hat de 5. Juni iwwerraschend annoncéiert sech mat Effet immédiat aus der Politik zeréckzezéien. Op der Lëscht vun déi gréng am Norden ass wéinst där Demissioun nach eng Plaz ze besetzen: Et muss also nach e Kandidat oder eng Kandidatin designéiert ginn.

Méi zum Thema

grénge Kongress
Chamberwahlen 2018

D'Co-Presidentin vun déi gréng huet nom Doud vum Camille Gira iwwerraschend op engem Kongress annoncéiert, datt si mat der Politik ophält. Si kandidéiert also net fir d'Chamberwahlen am Oktober.

Offiziell Gedenkzeremonie fir Camille Gira
Offiziell Gedenkzeremonie

Fir un de verstuerwene Staatssekretär Camille Gira z'erënnere war um Samschdeg eng offiziell Zeremonie am Haff vum Staatsministère. Wou elo och eng nei Lann un de grénge Politiker erënnert.

Camille Gira
Grénge Politiker

Trauer ëm de Staatssekretär am Ëmweltministère: De Camille Gira (déi gréng) ass gëschter Owend onerwaart am Alter vu 59 Joer gestuerwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen