Radioen

On air

Notturno  |  Esbjörn Svensson Trio - Eighthundred Streets By Feet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stengefort: LSAP kritt absolutt Majoritéit

Gemengewalen 2023

Stengefort: LSAP kritt absolutt Majoritéit

Déi éischt Proporzgemeng ass eraus: zu Stengefort kritt d'LSAP, mam aktuelle Buergermeeschter Sammy Wagner, eng absolut Majoritéit mat 55,72 Prozent.

auto_stories

1 min

D'CSV kënnt zu Stengefort op 23,7 Prozent, déi gréng, déi bis elo de Koalitiounspartner vun der LSAP waren, kommen op 10,7 Prozent an d'DP op 9,8 Prozent.

De Sammy Wagner weist sech am 100,7 Interview e wéineg iwwerwältegt. D'Freed wier grouss.

Déi éischt Reaktioun vum Sammy Wagnerplay_arrow

"Dat weist, datt déi Politik déi ech an deene leschte gutt annerhalleft Joer gemaach hunn, datt dat awer bei de Leit ukënnt an datt ee mat deem Stil och Wale ka gewannen. Op där anerer Säit ass domat awer och eng grouss Responsabilitéit verbonnen, well d'Leit hu mir dat Vertraue geschenkt, elo gëllt et si net ze enttäuschen. Mee ech sinn awer ganz zouversiichtlech a voll motivéiert, fir mat de Leit zesummen d'Zukunft vu Stengefort ze gestalten."