Radioen

On air

Notturno  |  Anna Butterss - Doo Wop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierreform: DP wëllt kucken, "wat budgetär méiglech ass"

Fiskalitéit

Steierreform: DP wëllt kucken, "wat budgetär méiglech ass"

Ass d'DP de grousse Bremser an der Dräierkoalitioun fir eng Steierreform? Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch hat dat der DP op RTL an däitleche Wieder virgeworf. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché huet am 100,7-Interview gemengt, et sollt een d'DP froen, wéi se et mat enger Steierreform hält. De Jacques Ganser huet nogefrot.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den DP-Fraktiounschef weist d'Aussoe vum Dan Kersch zeréck. D'DP wier net prinzipiell géint eng kleng Steierreform nach virun de Walen, et misst een awer kucken, wat finanziell méiglech ass.

D'Aussoe vun Dan Kersch wieren "total falsch" an de Gilles Baum huet déi am 100,7-Interview "energesch" zeréckgewisen.

"Mir verweigeren eis guer näischt am Kader vun de budgetäre Méiglechkeeten, déi do sinn."

DP wëllt keng Sue fir eng Steierreform léine goen

No all den zousätzlechen Depensen, déi mat der Pandemie an der Energiekris vum Staat ze stäipe waren a sinn, wier et elo irresponsabel, nach eemol déif an d'Kees ze gräifen, mengt de Gilles Baum.

"D'Positioun vun der DP ass déi, wéi se ëmmer war: wa mer finanzielle Spillraum hunn, dat ka jo vläicht schonn am Budgetsjoer 2023 sinn, da wäerte mir eis net dogéint verwiere fir Efforten ze maache fir de Mëttelstandsbockel of ze flaachen an och deenen ënneschte Steierklassen entgéint ze kommen."

De Gilles Baum ass net dofir fir Sue léinen ze goen, fir domat eng Steierreform ëmzesetzen. "Dat wier finanzpolitesch gesinn irresponsabel", esou de Fraktiounschef vun der DP.

Méi héije Spëtzesteiersaz: "net dee ganz grousse Worf"

Géif eng méi héich Besteierung vun den ieweschten Akommesklassen net méi Geld erabréngen? De Gilles Baum mengt, datt dat net "dee ganz grousse Worf" géif ginn.

D'Berechnunge vum Finanzministère géife weisen: wann de Spëtzesteiersaz ëm ee Prozentpunkt eropgesat géif ginn, da géif dat dem Staat eng 15 Milliounen Euro erabréngen.

Bei zwee Prozentpunkte wieren et eng 30 Milliounen, a bei dräi Prozentpunkte wieren et 45 Milliounen.

"Et kann ee sou weider Rechnen, mee och mat 50 Milliounen Euro méchs de lo net dee ganz grousse Worf", mengt de Gilles Baum.

Datt déi rezent Finanzhëllefe Reaktiounen op Krise waren an an der Breet gehollef hunn, de soziale Fine-Tuning awer iwwer Steiere leeft, dem stëmmt de Gilles Baum zou.

Elo géif een emol op d'Recettenzuele waarden, déi Ufanks Oktober presentéiert gi fir ze kucken, ob Spillraum do wier.

DP géint Steiererhéijungen

Anescht wéi déi gréng an d'LSAP ass d'DP-Fraktioun nach ëmmer géint nei Steiererhéijungen. An dëse Krisenzäite wier dat Gëft fir d'Stéit a fir d'Ekonomie, esou den DP-Fraktiounschef Gilles Baum op Nofro hin. D'Leit bräichte grad elo hir Suen.

Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché sot de Moien hei op der Antenn, fir d'Krisemesuren aus der Tripartite ze finanzéiere wier hir Fraktioun der Meenung, datt eng Solidaritéitssteier misst agefouert ginn. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch hat op Twitter fir Steieraugmentatioune fir "Super-Räicher" plädéiert.

Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum sot eis, dat wier net Deel vum Tripartiteaccord. Wann d'Koalitiounspartner LSAP an déi gréng nei Iddien hätte, géif hien dovun ausgoen, datt si mat konkrete Virschléi un d'DP eruntrieden.

D'DP-Fraktioun wier awer an dësem Moment géint nei Steieren. Och Steiererliichterungen hält d'DP an dësem Moment fir irresponsabel, well de Staat an der Pandemie an och elo wéinst der héijer Inflatioun vill Depensen hätt.