Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Feist - One Evening

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steieren an de Wahlprogrammer: Status Quo

Chamberwahlen 2018

Steieren an de Wahlprogrammer: Status Quo

Vill Parteie wëllen d'Grondsteier an d'Steierklasse reforméieren, grad ewéi kleng Revenuen a Betriber entlaaschten. An hire Wahlprorammer engagéieren d'Parteie sech awer zu wéineg Konkretem. Eng Analys vum Pia Oppel.

auto_stories

4 min

Pia Oppel

An den néng Wahlprogrammer, déi virleien (Demokratie huet kee Programm) sinn Dosende kleng a gréisser steierpolitesch Mesuren ze fannen, déi alleguerten net chiffréiert oder budgetiséiert ginn: Vu Steier op Plastik (CSV), iwwer eng Robotersteier (LSAP), bis zur Steierabattemente fir Liewensmëttelspenden (Piraten). Eng méi radikal Reform vum Steiersystem hale just d'Pirate fir néideg: D'Aféiere vum Grondakommes iwwert eng negativ Akommessteier soll begleet ginn duerch een eenheetlechen Taux um Revenu, deen iwwert dem Fräibetrag läit.

D'Positioune vun de Parteien ënnerscheede sech awer op ville Punkten, sechs dovunner eraus gepickt.

Éischtens, d'Steierklassen:

Alleguer d'Parteie positionéiere sech zur ëmstriddener Steierklass 1a. Déi manner favorabel Besteierung gouf 1990 vun der deemoleger CSV-LSAP-Koalitioun agefouert, an zwar fir Allengerzéiender, Singlen iwwer 64 Joer an no enger Iwwergangszäit vun dräi Joer och fir Wittfraen a Wittmänner. De Staat huet domat Sue gespuert. D'CSV wëll um Modell festhalen, annoncéiert awer eng "Préiwung" an Upassunge vun den Tauxen. Dat selwecht seet d'ADR, an erstaunlecherweis och d'LSAP, obwuel de sozialisteschen Aarbechtsminister Nicolas Schmit rezent d'Ofschafe vun der Steierklass 1a gefuerdert huet. All déi aner Parteie wëllen d'Steierklass 1a, respektiv d'Steierklassen allgemeng kuerz- oder mëttelfristeg ofschafen. Wat déi verschidde Modeller géife kaschten, gëtt net thematiséiert.

Zweetens, d'Grondsteier:

Anescht wéi vun der blo-rout-grénger Regierung annoncéiert, ass an dëser Legislatur keng Analys vun der Grondsteier ofgeschloss ginn. Dobäi schéngt et ee grousse Konsens ze ginn, datt eng Reform néideg ass: CSV, LSAP, DP, déi gréng an déi Lénk sinn dofir, bleiwen hire Wieler awer präzis Proposë schëlleg. CSV an LSAP proposéieren zousätzlech eng national Steier op eidele Wunnraum an onbebauten Terrainen. Déi Lénk wëllen datt d'Gemengen esou eng Spekulatiounssteier erhiewen.

D'ADR wëll als eenzeg Partei d'Grondsteier ofschafen "an ersetzt dës duerch eng adequat Steier op Bauland dat brooch läit. Terrainen, déi de Proprietär fir seng Kanner "reservéiert" huet (een Terrain pro Kand), si vun dëser Steier net betraff."

Just d'KPL an d'Piraten äussere sech net zur Grondsteier, während d'Kommunisten awer eng Spekulatiounssteier op Bauland fuerderen.

Drëttens, d'Betriibsbesteierung:

CSV an DP schwätze sech fir eng weider Reduktiounen aus. D'CSV leet sech op een taux d'affichage vun 20 Prozent fest, d'DP verweist just drop, datt Lëtzebuerg misst kompetitiv bleiwen. Och d'ADR läit op där Linn, verwéckelt sech awer a Widderspréch, well se an engems warnt, datt een "auslännesch" Entreprisen net dierft "ze staark" unzéien an domat den "onmoossege Wuesstem" fërderen. LSAP an déi gréng schwetze sech géint eng weider Baisse vun der Betriibsbesteierung aus. Ähnlech wëllen déi Konservativ ee "gesonde Statusquo" bäibehalen. Déi Lénk wëllen d'Entreprisë méi staark besteieren. D'KPL och, awer just déi grouss - während kleng a mëttel Betriber missten entlaascht ginn.

Véiertens, d'ecologesch Steieren:

Déi gréng krute sech an der Regierung net duerchgesat a fuerderen dowéinst d'selwescht ewéi an hirem leschte Wahlprogramm, datt eng ekologesch Steierreform bannent zwee Joer ëmgesat gëtt, sou datt Aarbecht manner a Ressourcëverbrauch méi besteiert gëtt. Weider Detailer feelen awer. Och déi Lénk fuerderen eng ecologesch Steierreform. Net dozou passt, datt béid Parteie sech net festleeë bis wéini déi steierlech Avantagë fir de Benzin an den Diesel sollen ofgeschaaft ginn. Dat gëlt och fir d'DP, déi ee luesen Austrëtt aus dem Tanktourismus fuerdert. CSV an LSAP wëllen d'Eletromobilitéit steierlech bevirdeelegen. D'Zesummespill tëscht Ëmwelt a Steierpolitik ass fir déi aner Parteie weider keen Thema.

Fënneftens, d'EU-Steierpolitik:

D'DP an d'ADR schwätze sech explizit fir d'Zouloosse vu Steierwettbewerb an der Europäescher Unioun aus. Fir eng méi staark Harmoniséierung sinn d'LSAP, déi gréng an déi Lénk. Déi dräi Parteie schwätze sech fir eng europäesch Finanztransaktiounssteier aus. Déi gréng an déi Lénk sinn zum Beispill och fir ee gemeinsame Mindesttaux fir d'Besteiere vun Entreprisen. D'KPL wëll fir d'EU an hirer aktueller Form ofschafen an duerch eng méi solidaresch Versioun ersetzen - ob dat och fir Steierfroe gëlt, gëtt net präziséiert. D'CSV, d'Piraten an déi Konservativ ginn net weider op dës Fro an.

A sechstens, d'Kapitalbesteierung:

Eng méi staark Besteierung vu Kapitalrevenuen a Patrimoine ass just fir d'KPL an déi Lénk een Thema.