Nei ass, datt d'Entreprisen och bei hire Betriebskäschten - zum Beispill fir Formatioune vu Mataarbechter - vun der Steierbonifikatioun solle kënne profitéieren. Den Taux vun de Bonifikatioune klëmmt op am Total bis zu 18 Prozent vun den Investissementer respektiv Betribskäschten.
Dem Wirtschaftsminister Franz Fayot no, wier dës Reform staark vun der Wirtschaft erwaart ginn. Et wier ee wichtegt Instrument fir Entreprisen ze encouragéieren z'investéieren an domat déi ekologesch an digital Transitioun virun ze dreiwen.
Et géif dorëm goen, dës Transitiounen duerch dës steierlech Moossnam z'acceleréieren, gouf bei der Presentatioun vum Projet ënnerstrach.
Fir datt d'Reform vun der Steier-Bonifikatioun fir Investissementer an Depensë wéi geplangt vum Steierjoer 2024 u ka gëllen, muss de Projet nach virun Enn vun dësem Joer vun der Chamber gestëmmt ginn, esou d'Finanzministerin knapp dräi Méint virun de Chamberwalen.
Dës Steiermesure war bei der Tripartite am September d'lescht Joer decidéiert ginn. De Regierungsrot hat dëse Gesetzprojet ee Freideg ugeholl.