Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stefan Braum gesäit Gesetzesprojet fir Datebanke kritesch

Policedatebanken

Stefan Braum gesäit Gesetzesprojet fir Datebanke kritesch

De Projet de loi fir d'Policedatebanke gëtt den europäeschen Datenschutzufuerderungen net gerecht, mengt den Droitsprofesser Stefan Braum. De Gesetzesprojet géif der Police e grousse Spillraum loossen.

auto_stories

4 min

De Stefan Braum ass Professer fir internationaalt Wirtschafts- a Strofrecht op der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Projet de loi wier zwar e considerabele Fortschrëtt par rapport zur aktueller Situatioun, seet de Stefan Braum. D'Auteure vum Projet géife sech un de belschen a franséische Gesetzer inspiréieren, mee an der Belsch wieren d'Viraussetzungen, datt een op dës Datebanken zeréckgräife kann, vill méi däitlech a prezis formuléiert.

Beim Gesetzesprojet zu Lëtzebuerg géifen Detailer vun den Zougrëffsmodalitéiten op dës Datebanken der Police iwwerlooss ginn. Et bräicht een och e Gesetz fir dës Datebanken iwwerhaapt op d'Been ze stellen, esou wéi dat an der Belsch an a Frankräich de Fall ass, gëtt de Stefan Braum ze bedenken. Et wier nämlech net kloer, wat genee an déi Datebanke stoe soll kommen.

Den Zougang zu den Daten

D'Kontroll, datt d'Policebeamte just déi Donnéeë consultéieren, déi si fir hir konkret Aarbecht brauchen, läit bei der Police, respektiv där hirem Dateschutzbeoptraagten. Fir datt d'Kontroll richteg fonctionéiert, bräicht et awer eng extern Kontroll, argumentéiert de Stefan Braum.

2019 hat d'CNPD festgestallt, datt eng 1.840 Mataarbechter vun der Police Accès op d'Datebank vum Fichier central haten. Wéi vill Beamten am neie Gesetz Zougang drop kréien, huet de Phillipe Schrantz, Direkter vun der Police, bei der Presentatioun beim Gesetzesprojet net gesot.

Am Schnëtt goufen et tëschent 2010 an 2019 eng 36.000 Zougrëffer pro Joer. D'Motiver, ënner deenen op de Fichier central zeréckgegraff gouf, wieren dacks vag, huet d'CNPD festgestallt.

Transparenz fir d'Bierger

Am Gesetz ass och net spezifesch gereegelt, wéi eng Rechter d'Biergerinnen a Bierger hunn, fir gewuer ze ginn, wat d'Police iwwer si un Daten huet. Och net, wien déi Date bei der Police wéini gekuckt huet. Dat wier an der Belsch ganz anescht, esou de Stefan Braum.

"Der belgische Gesetzgeber sagt zum Beispill ganz klar, dass der ganze Ablauf, wie die Kontrolle erfolgt, dass die Protokolle, wie da wo wer wann Zugriff genommen hat, dass all das im Vorhinein definiert ist, und dass das auch publiziert wird. Also die Transparenz, die der Gesetzgeber hier zurecht ja erreichen möchte, ist in den Gesetzgebungen der Nachbarstaaten sehr viel besser und sehr viel deutlicher erreicht, als es in diesem Gesetzentwurf der Fall ist."

D'Oppositioun an der Chamber, déi 2019 ganz schaarf Kritik un der Situatioun geüübt hat, war iwwer déi zoustänneg Kommissiounen an d'Ausschaffen vun dësem Projet agebonnen. Vill Kritik ass deemno vun hir net ze erwaarden.

Date gi bis zu 30 Joer gehalen

Souwuel d'CNPD wéi d'IGP hate festgehalen, datt et Problemer mat den Delaie fir d'Späicherung vun den Date géif ginn. Am aktuelle Gesetzesprojet soll de Fichier an en aktiven an an e passiven Deel agedeelt ginn. Am passiven Deel sollen d'Date bis zu 30 Joer gespäichert ginn, se sollen awer just mat Autorisatioun vum Procureur kënne consultéiert ginn.

Dës Approche fënnt de Stefan Braum bedenklech, besonnesch am Verglach mam belschen a franséische Recht.

"Da ist es so, dass die Daten von Beschuldigten, die freigesprochen worden sind, die Daten von Personen, deren Verfahren eingestellt wurde, ohnehin die Daten von Opfern und Zeugen von Strafverfahren, grundsätzlich gelöscht werden. Also der Grundsatz ist Löschung der Daten."

Et sief dann, de Procureur begrënnt, firwat se mussen gehalen ginn. Hei zu Lëtzebuerg ass et ëmgedréit. Alles gëtt d'office bis zu 30 bis 40 Joer laang versuergt.

66 Datebanke bei der Police

2019 hat d'Generalinspektioun vun der Police (IGP) 66 verschidde Fichiere bei der Police repertoriéiert. Verschiddener dovunner waren op Eegeninitiativ vun eenzele Beamten ugeluecht ginn.

Déi wichtegst Datebank ass de Fichier central, wou d'Procès verbalen an d'Rapporten ofgespäichert ginn. Am Juli 2019 waren hei 511.499 Dossieren an dëser Datebank, esou de Constat vun der nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD). Dës Datebank ass déi eenzeg, déi spezifesch am neie Projet de loi ernimmt gëtt.