Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stauséi: Preparatioune fir de Weekend

Sécherheet ronderëm de Séi

Stauséi: Preparatioune fir de Weekend

Manner Autoen a méi Barrièren: ënner anerem dës Mesurë solle fir e friddleche Weekend um Stauséi suergen. Och d'Police wäert present sinn, allerdéngs net mat méi Leit, mee mat anere Mesuren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Soubal d'Police dëse Weekend mierkt, datt d'Parkingen iwwerfëllt sinn an de Verkéier chaotesch gëtt, géif se d'Stroosse spären, respektiv déi verschidden Uertschaften zoumaachen, esou de Policespriecher Frank Stoltz am 100,7-Interview.

Haaptzil wier et d'Zoufaartsweeër fir d'Rettungsdéngschter fräi ze halen an den ëffentlechen Uerder ze garantéieren.

Hallef sou vill Autoe kënne bis bei d'Plage

D'Sécherheet ronderëm de Stauséi ze garantéiere wier awer net nëmmen d'Aufgab vun der Police, et wier och eng gedeelte Responsabilitéit, zu där d'Gemenge missten eppes bäidroen, preziséiert de Frank Stoltz.

An d'Gemengen hirersäits hunn och scho Mesurë geholl, seet den CSV-Buergermeeschter vun Esch-Sauer, de Marco Schank. Deemno sollen nëmmen nach hallef sou vill Autoe kënne bis bei d'Plage fueren, dat kéint een iwwer déi elektronesch Barrièrë steieren.

Wann op de Plage eppes sollt geschéien, kéint d'Ambulanz deemno och bis op d'Plaz kommen. "Mir wëllen den Opfangparking zu Ënsber zousätzlech securiséieren, datt d'Leit d'Afaart net récksiichtslos zou parken", esou de Marco Schank.

Kee Reservatiounssystem

Et wier awer keng Alternativ d'Leit just op Reservatioun eranzeloossen, preziséiert de Buergermeeschter vun Esch-Sauer.

Dat kéint beispillsweis an enger Schwemm funktionéieren, mee net um Stauséi, bei där d'Leit sech Weeër bei d'Waasser sichen, seet de Marco Schank.

D'Police rifft dozou op den ëffentlechen Transport ze notze fir op de Stauséi ze kommen, oder d'Opfangparkingen ze notzen an dann eng gratis Navette ze huelen.

E Mëttwoch kënnt d'Stauséikommissioun nach eemol zesumme fir iwwer d'Situatioun ze schwätzen.