Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stauséi: Biodiversitéit am Klimawandel

Ëmwelt

Stauséi: Biodiversitéit am Klimawandel

Nei Waasserschutzzone ronderëm de Stau géinge Bloalge reduzéieren, seet den Ëmweltmikrobiolog Christian Penny. D'Grenzwäerter goufen dëst Joer iwwer ee Mount méi fréi wéi d'lescht Joer iwwerschratt. Doriwwer wär hien iwwerrascht. Firwat, wier nach net ganz kloer.

auto_stories

2 min

Dem Fuerscher vum Fuerschungsinstitut LIST no géingen Ënnersichunge beleeën, datt kee belaaschtend Ofwaasser an de Séi gefloss ass. D'Ursaachenanalys ass nach net ofgeschloss. Dünger, Pestiziden a Klimawandel droen zur staarker Entwécklung vun de Bloalge bei. Och de Klimawandel géing eng Roll spillen.

"De Klimawandel kann eventuell dozou bäidroen, datt verschidden Aarte vu Liewewiesen, déi mir am Stauséi hunn, net méi do sinn, manner do sinn, méi do sinn. Dat Ganzt mécht, datt mir vläicht do eng Evolutioun hunn. An do gi mir elo op Ursaachefuerschung, fir ze kucken, wéi entwéckelt sech déi ganz Biodiversitéit iwwer d'Joren a mam Klimawandel am Stauséi."

Aktuell lafen och Analysen iwwer de Bloalgegehalt an der Musel. Eventuell kéinten och do d'Grenzwäerter iwwerschratt ginn, an d'Waasseraktivitéite verbuede ginn, esou de Christian Penny. Déi aner offiziell Lëtzebuerger Schwammgewässer wieren an der Rei.

Biologeschen Desequiliber

De Stauséi hätt eng saisonal Evolutioun vun der Biodiversitéit, vun Dominanz an Net-Dominanz. Am Fréijoer géinge sech déi gréng Alge méi staark entwéckelen. Duerno géingen déi duerch déi kleng Déieren, déi kleng Organismen och deelweis gefriess ginn.

Dozou kéim et zu engem Desequiliber, wouduerch dann erëm d'Bloalge sech méi massiv entwéckelen, wann d'Wiederkonditiounen an d'Hydrodynamik et géingen erginn. Da kéinten d'Cyanobakterien, déi sougenannte Bloalgen, extrem séier dominant ginn. Wann d'Wierder eng ganz Zäit gutt wär, wéi dat dëst Fréijoer a Summer de Fall gewiescht wier, da géing de Problem ganz fréi an der Saison entstoen.

De Christian Penny ass Spezialist fir Waasserqualitéit a Bloalgen zu Lëtzebuerg. Hien ass responsabel fir déi saisonal Iwwerwaachung vun den nationale Schwammgewässer.


Dat ganzt Gespréich mam Christian Penny:

Lauschterenplay_arrow