Aus der éischter Note de Conjoncture vum Statec vun dësem Joer ass ervir gaangen, datt déi Lëtzebuergesch Wirtschaft méi lues wiisst. De PIB vum éischten Trimester vun dësem Joer war eëm 0,2 Prozent méi héich wéi am Trimester virdrun, awer ëmmer nach 0,4 Prozent méi déif wéi am éischten Trimester vum leschte Joer
Iwwerdeems ass d'Inflatioun zwar liicht erof gaangen. Dat awer net an alle Beräicher, an och net esou séier, wéi bis elo vum Statec ugeholl, esou de Serge Allegrezza.
"Et fënnt sech awer, datt mir eng Previsioun gemaach haten, datt déi Inflatioun géif méi schnell zeréckgoen. Mir stellen awer fest, datt haaptsächlech d'Alimentatioun a ganz Europa, déi zitt immens staark un, an all déi Hausse sinn amgaange sech an der ganzer Ekonomie ze verbreeden. Sauf d'Energie, déi amgaangen ass erof ze goen."
Lëtzebuerger Wirtschaft wäert nëmme lues klammen
Weider geet och aus der Note de Conjoncture ervir, datt de Chômage Taux erëm liicht klëmmt, bleift awer ënner fënnef Prozent. Iwwerraschend wieren dës Entwécklungen, dem Bastian Larue, Responsabele vun der Unité Conjoncture, no, net.
"Il va réaugmenter, mais pas de manière trop forte. Ce qu'on observe en général. D'abord l'activité ralentie et quelque temps après, l'emploi suit naturellement."
De Statec geet och dovun aus, datt d'Wirtschaft dëst Joer nëmme lues klamme wäert. Dat ëm 1,5 Prozent.