De Foussofdrock pro Land gëtt aus der Zomm vun all den Emissioune berechent, déi e ganzt Land verursaacht. Den Auteur vun der Etude, Olivier Thunus erkläert, datt dobäi tëscht direkten an indirekten Emissiounen ënnerscheet gëtt.
"Les émissions directes, ce sont les émissions que les ménages vont émettre ici au Luxembourg par exemple lors du chauffage. On v voir, lié à la condition du fossile que ce soit du mazout ou que ce soit du gaz naturel, on va voir des gaz d'effet de serre qui vont être émis"
Déi direkt Emissiounen, also déi vun den Haushälter hei zu Lëtzebuerg, wieren och tatsächlech zanter 2010 erof gaangen, esou d'Statec Etüd. Problematesch sinn éischter déi indirekt Emissiounen.
"Par contre ce qu'on observe c'est que les émissions indirectes, c'est-à-dire, les émissions des gaz effet de serre qui sont produites à l'étranger, mais pour produire des biens ou des services qui seront utilisés par les Luxembourgeois. Ces émissions sont en augmentation"
Indirekt Emissiounen hannerloossen nationale Foussofdrock
Et wieren och déi indirekt Emissiounen déi den nationale Foussofdrock eropdrécke géifen, esou den Olivier Thunus.
Verschidden Instrumenter wiere schonn a Plaz, fir den Impakt op d'Ëmwelt vu Lëtzebuerg ze reduzéieren, esou zum Beispill eng Ëmwelt-Steier. Déi géif och an der EU no a no ëmgesat ginn, fir Produiten déi vun ausserhalb der EU kommen, feelt et nach en änlecht Instrument. Den Olivier Thunus proposéiert:
"Si on voulait aussi avoir une influence aux pays hors de l'UE on pourrait instaurer une taxe aux frontières. Ce qui augmenterait en fait le prix des produits qu'on importerait de l'étranger"
Duerch sou eng Grenz-Taxe kéint een, de Kaf vu Produiten ënnerhalb der EU weider fërderen, heescht et weider vum Statec.