De Staarke Réckgang vu der Präisdeierecht an de leschte Méint géif den Ament duerch eng Hausse vun ënnert anerem de Liewensmëttelpräisser gebremst ginn, erkläert den Tom Haas vum Statec.
"Mir haten e staarke Réckgang an de leschte Méint. Am Oktober vu knapp 7 Prozent si mir op ënner 4 Prozent erofgefall. Mir haten eben d'Iwwerraschung, datt mir elo déi héich Alimentatiounspräisser am Ufank vum Joer haten an déi hunn dozou gefouert, datt mir eng Stabiliséierung hu vun der Inflatioun, an datt dee staarke Réckgang elo mol gestoppt ass."
Souwuel d'Liewensmëttelpräisser wéi och d'Präisser op de Servicer géife weider unzéien. Am Verglach zum Mount virdru gëtt et bei de Liewensmëttel eng Hausse vun 0,3 Prozent. Am Mee sinn d'Produite fir Puppelcher, Nuddelen a Gromperen am meeschte geklommen.
Och am Euroraum huet d'Inflatioun nogelooss
Dee gréisste Plus vun 3,6 Prozent gouf et fir Bébé-Iessen. Präiserhéijunge ginn et och bei de Crèchen, Hoteller oder Restauranten. Ee Grond wieren déi ausbezuelten Indextranchen, duerch déi d'Präisdeierecht nees géif ugezu ginn, esou den Tom Haas. Mee och d'Nowéie vun den Energiekäschte wieren ee Grond.
"Déi souwuel een Impakt hunn op d'Alimentatioun, mee och op all déi aner Produkter, wou ëmmer bëssen Energie benotzt gëtt fir se hierzestellen oder ze transportéieren. An duerch déi generell Präishaussen huet een och Haussë vun de Salairen, wat dann och déi verschidde Präisser undreift."
D'nächst Joer rechent de Statec dann awer mat enger weiderer Baisse an enger Inflatioun vu just nach 2,5 Prozent.
Och am Euroraum huet d'Inflatioun am Mount Mee nogelooss a leit bei 6,1 Prozent. Dat ass nach wäit vun der ugestriefter Stabilitéitspolitik vun der EZB vun zwee Prozent ewech. Wéinst dem Präisdrock am Euroraum ginn et den Experten no dowéinst och weider Unzeeche fir eng Zënserhéijung.
D'Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns scho siwe Mol hannerteneen ëm alles an allem 3,75 Prozent gehéicht. De 15. Juni wäert d'EZB iwwer de Leetzëns decidéieren.