Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Standuertpolitik am Weltraum

Spaceressources

Standuertpolitik am Weltraum

Op Wirtschaftsmissioun op der US-Westküst wëll de Wirtschaftsminister Lëtzebuerg an der Weltallwirtschaft positionéieren - dat trotz juristeschen Onsécherheeten. Dem Etienne Schneider no kéinten déi Onsécherheete spéider gekläert ginn.

auto_stories

3 min

Astronautekostüm vun der NASA (Foto: Pierre Reyland)

Quasi zäitgläich mam Ufank vun der Wirtschaftsmissioun hat de Staatsrot e ganz kriteschen Avis iwwert dat geplangtent Gesetz fir d'Appropriatioun an d'Kommerzialiséierung vu Weltall-Ressourcë verëffentlecht. Op senger Visite an den den USA huet de Minister Etienne Schneider déi Kritiken erofgespillt, esou de Pierre Reyland, dee fir de radio 100,7 op der Plaz ass.

De Weltraumsecteur besetzen ouni Rechtssécherheet

De Staatsrot hat a sengem Avis iwwert d'Exploitatioun an d'Notzung vu Weltraumressourcen zwielef Oppositions formelles zréckbehalen, ë.a. wéinst internationaler Rechtsonsécherheet.
Den Etienne Schneider wëll d'Gesetz awer nach viru Juni an der Chamber stëmme loossen. Domadder kéint dat Lëtzebuerger Gesetz géint internationaalt Recht verstoussen. Et wär een den Ament nach net esou wäit, datt scho géif ugefaange ginn, Ressourcen op Asteroiden ofzebauen, argumentéiert de Wirtschaftsminister. Bis et esou wäit ass, wier deemno nach Zäit, fir och zesumme mat anere Staaten um legale Plang ze kooperéieren a fir internationaalt Recht z'adaptéieren.

Dat ass och d'Meenung vum Affekot Marc Feider vun der Etude Allen and Overy, dee bei der Wirtschaftsdelegatioun an den USA dobäi ass. Hie geet dervun aus, datt dat geplangtent Lëtzebuerger Gesetz den Ufank vun engem neien internationale Rechtskader kéint sinn. Dat kéint awer schwiereg ginn, analyséiert den radio 100,7-Journalist Pierre Reyland. De Weltalltraité tëscht iwwer 100 Staate misst dann nämlech nei verhandelt ginn.

Rentabilitéit fir d'Zukunft

Wéini d'"Space-Mining-Industrie" reell a rentabel wäert ginn, ass schwéier virauszesoen. E ganze Secteur vun neien Technologien entwéckelt sech awer elo schonn, fir am Weltall Ressourcen ze fannen an direkt do ze gebrauchen. Aus dem Waasser kéint am Weltall Sprit fir d'Rakéiten, d'Satellitten oder d'Weltraumstatiounen gemaach ginn. An den USA entsti privat-ëffentlech Partnerschaften, déi esou Technologien an deem Secteur entwéckelen.

Protektionismus an Ëmwelt: keng Themen am Weltraumbusiness

Et ass net kloer, ob dee vun der neier US-Regierung annoncéierte Wirtschaftsprotektionismus déi kommerziell Zesummenaarbecht an der Weltraumindustrie ka bremsen. Amerikanesch Geschäftsleit sinn zréckhalend, wa si drop ugeschwat ginn. Si soen dann, si wéilten net iwwer Politik schwätzen. Gläichzäiteg hiewe si ervir, datt den Donald Trump bei senger Untrëttsried ëmmerhin de Weltraum genannt hat. Bei der Lëtzebuerger Wirtschaftsdelegatioun géing ee sech och keng Suergen iwwert den amerikanesche Protektionismus maachen, seet de Pierre Reyland.

Den Ëmweltaspekt beim Ofbau vu Weltraumressourcë beschäftegt d’Entreprisë manner wéinst der Ëmwelt, mä éischter wéinst der Gefor, datt Weltraumschrott géint d'Satellitte kéint knuppen an déi zerstéiere kéint, esou den radio 100,7-Journalist a senger Analys. "Ëmweltschutz kënnt net vir an de Businesspläng vun deenen Entreprisen".

Nei Betriber fir Lëtzebuerg?

De Wirtschaftsminister mécht a Kalifornien Reklamm fir Lëtzebuerg. Am Silicon Valley presentéiert den Etienne Schneider de Standuert virun Entreprisen, déi an der Entwécklung vu Weltraumtechnologië spezialiséiert sinn. D'Entreprise "Made in space" zum Beispill baut 3D-Printeren, mat deenen een am Weltraum Objete kéint produzéieren. D'Entreprise "Skycorp" ass eng Startup, déi Technologien entwéckelt, fir Satellitten am Weltraum zesummenzebauen. Eng vun deenen Entreprisë kéint interesséiert sinn, fir op Lëtzebuerg ze kommen.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet bei der Visite op der US-Westküst och d'Schafe vun enger Lëtzebuerger Weltraumagence annoncéiert. Fir am November dëst Joer ass eng Wirtschaftsmissioun a Japan geplangt. Dobäi sollen och d'"Spaceressources" eng wichteg Roll spillen.