Radioen

On air

One World  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Stagiairë beim Staat nees 100 Prozent bezuelen"

CGFP

"Stagiairë beim Staat nees 100 Prozent bezuelen"

Déi sougenannten 80-80-90 Reegel, fir d'Stagiairë beim Staat am éischten an zweete Stage-Joer nëmmen 80 Prozent, an dat drëtt Joer 90 Prozent ze bezuelen, misst nees ofgeschaaft ginn, fuerdert d'CGFP. De Gesetzprojet fir de Budget 2018, deen d'nächst Woch an der Chamber deponéiert gëtt, wär de perfekte Moment, dat ze maachen, seet de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft.

auto_stories

3 min

Romain Wolff, President CGFP

D'Regierung kéint dat "locker" maachen, mengt de Romain Wolff. D'Finanzsituatioun vum Staat wier gutt, d'Inflatioun niddreg, an d'Staatsschold wier mat 20 Prozent vum PIB "net enorm". Den 11. Oktober gëtt an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget 2018 deponéiert a mat ronn véier Prozent Wirtschaftswuesstem a gudde Staatsrecetten wier elo de Moment en Zeechen ze setzen. D'Stagiairë beim Staat missten nees zu 100 Prozent bezuelt ginn. Momentan gi Stagiairen am éischte an zweete Stage-Joer zu 80 Prozent, an am drëtte Joer zu 90 Prozent bezuelt.

Wéi vill dat kaschte géif, weess de Romain Wolff allerdéngs net. Do hätt d'CGFP nach keng Rechnunge gemaach, sou de President vun der CGFP. Betraff sinn all déi Stagiairen, déi zënter dem 1. Oktober 2015 schaffen, wéi d'Reform vun der Fonction publique a Kraaft getrueden ass.

Reform vum Stage net ëmgesat

D'CGFP hätt déi 80-80-90 Reegel zwar mat gestëmmt, mä beim Akkord wier awer och versprach ginn, datt de Stage reforméiert gëtt. Dat wier allerdéngs net geschitt. D'Stagiairë géife mat kompletten Tâchë voll agesat ginn a missten och nees deemno bezuelt ginn, sou de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft.

Der CGFP hir Fuerderung géif sech virun allem un d'Regierung adresséieren, awer och un déi verschidde politesch Parteien, besonnesch d'CSV. Déi chrëschtlech Sozial wieren "à la base" fir d'Baisse vun de Paie vu Stagiairë gewiescht. An hie géif "gär wëssen, wat d'CSV dovun hält", seet nach de Romain Wolff.

Datt et an der Regierung eng gewësse Bereetschaft gëtt, der CGFP hir Fuerderung ëmzesetzen, géif d'Beispill vum Akkord mat de Südgemenge weisen. Do gi schonn 90-90-95 Prozent fir de Stage bezuelt, plus eng Augmentatioun vun 1,5 Prozent an der Pai.

De CGFP-President gesäit och e Lien tëscht der 80-80-90 Reegelung an dem Rekrutementsproblem am Enseignement. Bei esou enger Dispositioun, wou d'Stagiairë voll musse schaffen, awer net voll bezuelt ginn, a wou Leit aus der Pensioun geholl ginn, fir Schoul ze halen, dierft ee sech net wonneren, wann et Problemer beim Rekrutement vun Enseignante gëtt, mengt de Romain Wolff.

"Blockage" bei der Spuerkeess

D'Ëmsetze vun der Reform vum ëffentlechen Déngscht an den Accord salarial wier "um gudde Wee", seet de CGFP-President. Et géif awer nach Problemer ginn, zum Beispill bei der Spuerkeess. D'CGFP géing drop halen, datt d'Accorden op alle Punkten ëmgesat ginn, och bei den Etablissements publics. Bei der Spuerkeess wier den "Avancement automatique" awer nach net ëmgesat ginn. "Do spiert een net vill Wëllen", bedauert de Romain Wolff. Den Dossier ass elo op der Conciliatioun.

Bei der Spuerkeess hätte vill Employéeë gären en Avancement. Mä vill vun hinne wieren elo "blockéiert". Dem Romain Wolff no schéngt et eng allgemeng Tendenz bei Etablissements publics ze sinn, datt si d'Accorde fir d'Fonction publique net wëllen ëmsetzen. Als Ursaach géif d''Autonomie vun der Etablissements publics genannt ginn, sou de CGFP-President.

Hausse vum Mindestloun

D'CGFP fuerdert ausserdeem eng Hausse vum soziale Mindestloun. "Tëscht fënnef an zéng Prozent", präziséiert de Romain Wolff.

D'CGFP gesäit eng Ongerechtegkeet tëscht de Mindestloun-Empfänger an deene vum Revenu minimum garanti (RMG), deen an Zukunft REVIS heescht. Wa bis all d'Steieren ofgezu sinn, kéimen d'Mindestloun-Empfänger manner gutt ewech wéi déi Leit, déi de REVIS kréien.

Op déi vun de Ministere Corinne Cahen a Claude Meisch lancéiert automatesch Upassung vun de Familljeleeschtungen un de mediane Loun, waart d'CGFP nach. De Gesetzprojet wier nach ëmmer net gestëmmt, betount de Romain Wolff.

50 Joer CGFP

D'CGFP feiert den 9. November hir 50 Joer mat enger Séance académique am Cercle Cité an der Stad. 1967 gouf d'CGFP, esou wéi et se haut gëtt, gegrënnt. Haut huet d'Staatsbeamtegewerkschaft ronn 30.000 Memberen. De Romain Wolff seet: "Mir stinn op gudde Féiss."