Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staff vum CGDIS gëtt méi wéi verduebelt

CGDIS

Staff vum CGDIS gëtt méi wéi verduebelt

De professionelle Staff vum CGDIS wäert an den nächste Joer méi wéi verduebelt ginn, vun haut 800 op dann 2.000 Mataarbechter, vun deenen der 1.500 am operationelle Beräich sollen agesat ginn. De Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder huet zouginn, datt et net einfach wäert ginn, déi Leit ze fannen.

auto_stories

2 min

De Corps grand-ducal d'incendie et de secours kann zwar EU-Auslänner rekrutéieren: wéinst dem Statut als Fonctionnaire, deen d'Mataarbechter vum Corps hunn, musse si awer déi dräi offiziell Sprooche vum Land beherrschen. Dat wier fir d'Kandidaten eng Erausfuerderung, esou de Paul Schroeder. D'Zuel vu Fräiwëllege soll mëttelfristeg op 4000 - ongeféier dem Niveau vun haut - stabiliséiert ginn.

Zejoert waren zwar vill manner Accidenter wéi d'Joer virdrun, an awer wier d'Gesamt-Zuel vun Asätz quasi stabil bliwwen, well de CGDIS wéinst Covid vill gefuerdert war.

Impfbereetschaft vu 75 Prozent

2.327 vun de ronn 4.500 (professionellen a fräiwëllege) Mataarbechter vum CGDIS waren identifizéiert ginn, fir prioritär géint Covid geimpft ze ginn. Ronn dräi Véierel vun hinnen hätte vun där Méiglechkeet Gebrauch gemaach, seet de Paul Schroeder, de Generaldirekter vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours.

Déi Leit hunn de Vaccin schonn am Kader vun der Phas 1 vun der Campagne kritt, well se an hirem Déngscht engem besonnesche Risiko ausgesat sinn.

An der Tëschenzäit sinn och aner Membere vun de Rettungsdéngschter geimpft ginn. De CGDIS gëtt ëmmer da vun den Impfzentere kontaktéiert, wann um Enn vum Dag déi eng oder aner Dosis Rescht bliwwen ass:

"Mir hunn natierlech de Virdeel, datt mer eng Reaktivitéit hunn. Déi Leit, déi op den Ambulanze sinn oder um SAMU oder d'First responder, déi hu jo souwisou Déngscht a si souwisou vun eis opruffbar. Du war et relativ naheliegend fir ze soen: Ok, wann d'Impfzenteren owes wëssen, datt se nach esouvill Dosisse Rescht hunn, da kontaktéiere si den 112. An den 112 kuckt dann, wéi eng Ekippen no beim Impfzentrum ënnerwee sinn, déi nach net un d'Rei komm sinn, an huet se dann dohinner geschéckt. Da sinn se do laanscht gefuer an hu sech impfe gelooss."

Am Virfeld huet de CGDIS eng Ëmfro bei senge Leit gemaach fir d'Impfbereetschaft erauszefannen. Deemools hate 50 Prozent gesot, datt se sech impfe wëlle loossen, 25 Prozent waren nach net decidéiert, a 25 Prozent wollte sech net impfe loossen. "An elo stelle mer fest, dass mer quasi bei 75 Prozent ukomm sinn, d.h. déi, déi net décidéiert waren, hu sech fir eng Impfung entscheet", esou de Paul Schroeder. Hie selwer wier awer nach net geimpft ginn.