Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stade de Luxembourg: Chantier geet an d'Verlängerung

Fussball

Stade de Luxembourg: Chantier geet an d'Verlängerung

Den 30. Mäerz spillt d'Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp hiren éischten Heem-Match an der Qualifikatioun fir d'WM 2022 am Katar. Portugal ass de Géigner. A gespillt gëtt ... am Stade Josy Barthel op der Areler Strooss. Also nach ëmmer net wéi geplangt, gehofft a laang erwaart am neie Stadion op der Kockelscheier. De Méindeg huet d'Stad Lëtzebuerg matgedeelt, datt deen net mat Zäit fäerdeg ass.

auto_stories

3 min

Fir den 22. Februar war eng Kommunikatioun ugekënnegt ginn, an den 22. Februar ass déi Kommunikatioun och komm. De Chantier vum Stade de Luxembourg geet an d'Verlängerung. E muss an d'Verlängerung. Den Haaptprobleem wier am Moment den informatesche Reseau, vun deem ganz vill Servicer dono ofhängeg wieren, erkläert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. "Ob dat elo d'Heizung ass, den Accès, d'Beriselungs-Anlag, d'Tëleeë fir d'Press, d'Kamerae fir d'Police - déi hänken alleguer um Réseau informatique."

Retarden duerch de Coronavirus

De Coronavirus hätt engem e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Déi responsabel Entreprise wier faillite gaangen an dono wiere Leit positiv op de Virus getest ginn, déi eigentlech hätte sollen um Chantier schaffen. Doduerch wier een a Verzuch geroden, sou d'Stater Buergermeeschterin, esou datt et méi laang dauert wéi geplangt fir deen informatesche Reseau fir d'éischt un d'Stoen an dann un d'Goen ze kréien.

Eréischt wann dat esou wäit ass, kann ee kontrolléieren ob och alles wat drun hänkt funktionéiert. Dat soll elo ëm Ouschteren nach eemol gekuckt ginn. Déi nächst Echeance gëtt am Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg genannt. Mee souguer wann dann alles géif lafe wéi op Riedercher, kéint nach ëmmer keen offizielle Match do gespillt ginn. Virdru muss nämlech nach een Test-Match ënner reale Konditioune gespillt ginn.

Déi éischt regulär Matcher wahrscheinlech ab Juni am neie Stadion

Den FLF-Generalsekretär Joël Wolff ass op jidde Fall enttäuscht, datt de Match Enn Mäerz géint Portugal net op der Kockelscheier ka gespillt ginn:

"Am Ufank sollt et 2019 sinn, duerno 2020, elo si mer 2021 a mir kënnen nach ëmmer net am neie Stadion spillen. Mir erwaarden eis elo awer zumindest, dass mer am Juni wann déi nächst Frëndschafts-Lännermatcher solle stattfannen, dass mer dann awer do kënne spillen."

Vläicht dann souguer mat e bësse Public? Dann hätt dat Ganzt jo awer nach eppes Guddes u sech. Op jiddwer Fall besser wéi eng traureg Ouverture ouni Leit.

De Parking fir de Stadion ass eréischt an zwee Joer fäerdeg

Allerdéngs kéint sech dann en anere Problem stellen. Dee vum Parking vis-à-vis, fir deen net d'Stad, mee de Staat zoustänneg ass. Och deen huet Retard, sou d'Lydie Polfer. D'Aarbechten um Parking hätten "een enorme Retard" a géife viraussiichtlech bis 2023 daueren. Dofir hätt d'Stad Lëtzebuerg e Provisorium mat 600 Plazen opriichte gelooss.

Den 30. Mäerz gëtt also nees eemol - an zwar net fir d'éischt - e leschte Match am Stade Josy Barthel gespillt. Déi gutt Nouvelle: De Wues do soll an engem fantasteschen Zoustand sinn. De Cristiano Ronaldo a seng Kolleege wäerten déi Kéier näischt auszesetzen hunn.