Ukrain-Krich Stad Lëtzebuerg logéiert ukrainesch Flüchtlingen

D'Stad Lëtzebuerg bereet sech dorop vir, vill Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am 100,7-Interview. Vun de ronn 2.000 Flüchtlingen, déi sech bis ewell beim Ausseministère gemellt hunn, wieren d'Hallschent bei private Leit ënnerkomm. Vun deenen anere géif d'Stad Lëtzebuerg versichen, der esou vill wéi méiglech kuerzfristeg ënner ze kréien.

Isabel Scott / rb

Lydie Polfer
D'Lydie Polfer ass Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. Foto: Archiv.

Lauschteren


D'Stad Lëtzebuerg ass amgaang, eng Rei Gebailechkeeten ze amenagéieren: dorënner eidel administrativ Gebaier um Bouillon, déi eng 200 Leit kéinten ënnerkréien. Donieft géif déi al Pompjeeskasär op der Areler Strooss zur Verfügung gestallt ginn.

Zu Bouneweg hätt d'Stad Lëtzebuerg en Hotel gelount, an deem 27 Persoune logéiert kéinte ginn.

Zu de Flüchtlinge géifen och Hausdéiere gehéieren - do wieren dës gréisser Strukturen net adequat. Dowéinst géif ee versichen, eidel Haiser, déi der Gemeng gehéieren, ze amenagéieren. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer seet, datt dat awer net evident wier, well dës Gebaier renovéierungsbedürfteg wieren:

"Mir hunn eng 750-800 Wunnengen, vun deenen all Joer een Zéngtel renovéiert ginn. Dat sinn der eng Rei. Vläicht hu mir der, mee mir musse ganz prezis kucken. Kann een der elo net awer huelen, fir op esou Situatiounen eng massgeschneidert Äntwert ze ginn."

D'Buergermeeschtesch plaidéiert och fir privat Léit ënnert d'Äerm ze gräifen, déi Flüchtlinge bei sech doheem logéieren:

"Si hunn eng grouss Generositéit bewisen, mee et ass awer och eng finanziell Belaaschtung. Dat mécht een eng Zäit, mee dat kascht awer. Dat muss um nationale Plang gekuckt ginn, datt een dat op mannst begleet."

D'Lydie Polfer kéint nëmme schwéier aschätzen, wéi vill Leit nach op Lëtzebuerg nokomme géifen. Dat géif alles vun der Entwécklung vum Krich ofhänken, seet d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg.

Méi zum Thema

De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles
Informellen EU-Sommet

Um informellen EU-Sommet hätt ee kënnen e positive Message un d'Ukrain schécken, seet de Xavier Bettel am 100,7-Interview. D'Reegele fir een EU-Bäitrëtt géifen awer net iwwer Bord geheit ginn.

Gemengelogementer Hesper Grupp
E Logement fir Flüchtlingen

Zu Hesper ass de Moien eng ukrainesch Famill an een Haus vun der Gemeng erageplënnert. Bannent nëmmen e puer Deeg huet d'Personal vun der Gemeng d'Gebai prett gemaach.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen