Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg: Energiespuermesurë goufe presentéiert

Energie

Stad Lëtzebuerg: Energiespuermesurë goufe presentéiert

Eng Reduktioun vun der Temperatur an de Gebaier a manner Beliichtung. Mat dëse Mesurë wëllt d'Stad Lëtzebuerg bis Mäerz nächst Joer 15 Prozent Energie spueren, sou wéi d'Regierung et fuerdert. De Mëtteg huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer d'Mesuren annoncéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Laura Poggi & Yves Stephany (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Knapp 200 Gebaier wieren analyséiert ginn, esou d'Lydie Polfer. Dorënner administrativ Gebaier, Crèchen, Schoulen, Theateren, Muséeën, Schwämmen oder nach Atelieren.

No enger Prioritéitelëscht soll d'Raumtemperatur an dëse Gebaier reduzéiert ginn, erkläert d'Stater Buergermeeschtesch:

"Dat heescht, datt déi Gebaier, wou am meeschten Energie verbraucht gëtt, och elo sou schnell wéi méiglech d'Temperatur erofgesat gëtt. Am Prinzip gi mir jo 1 Grad erof. An do spuert een da 6 Prozent Energie. A verschiddene Gebaier gi mir och 2 Grad erof. An da spuert een direkt 12 Prozent."

Dobäi kënnt, datt 5 Prozent Elektrizitéit gespuert soll ginn. Deemno géifen zum Beispill d'Beliichtungen an de Stroossen, wéi zum Beispill ronderëm Chrëschtdag just begrenzt a maximal sechs Stonnen den Dag ubleiwen. Eng Äispist gëtt et dëst Joer net.

Sensibilisatiounsaarbecht

D'Stad Lëtzebuerg géif d'Leit eenzel sensibiliséieren, erkläert d'Lydie Polfer.

"Bei der Elektrizitéit, do musse mir op jiddweree kënnen zielen, fir net onnéideg Luuchten unzeloossen, fir Maschinnen net onnéideg unzeloossen. Mir versichen d'Leit ze motivéiere fir net d'Liften ze huelen - dat ass och gutt fir d'Gesondheet, wann een et nach ka maachen. Also mir maache se net aus. Et ass eng ganz Prise de conscience fir Energie ze spueren."

Sollt d'Situatioun sech verschäerfen dann hätt d'Stad Pläng fir weider Energie ze spueren esou nach d'Lydie Polfer.

"Deemno wéi schlëmm et gëtt wäerte verschidden Aktivitéiten net méi ze maache sinn. Deemno wéi vill mir mat der Temperatur an de Piscinne mussen erof goen, mengen ech net, datt nach vill Leit wäerten an d'Piscine kommen."

Ee kollektiven Effort

D'Stater Buergermeeschtesch preziséiert, datt d'Stad Lëtzebuerg allerdéngs just 4,3 Prozent vum Energieverbrauch an der ganzer Stad ausmëscht.

Knapp 96 Prozent vun der Energie géif vun anere Leit consomméiert ginn. Der Stater Buergermeeschtesch no wier de kollektiven Effort deemno dat wichtegst. Et wier net ausgeschloss, datt d'Stad vereenzelt Spuermesuren och no der Kris adoptéiert.