"Ganz excellent", "a ganz gudder Ambiance" an "nach vill besser wéi viru sechs Joer" hätten d'Koalitiounsverhandlungen tëscht DP an CSV ugefaangen, esou d'Lydie Polfer. Diskutéiert gouf haut bei der éischter Ronn an der Stater Gemeng iwwer d'Erausfuerderung vun der Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg.
Fir d'Lydie Polfer wier ganz kloer, datt d'Liewensqualitéit vun den Awunner net dorënner leiden dierft.
"D'Transition énergétique, de Wuesstem vun onser Stad, dat si wierklech Defien, déi mir extrem, extrem positiv a konkret wëllen ugoen."
Stadentwécklung ass d'Basis
D'Stadentwécklung, dat wier d'Basis an dowéinst hätten d'Koalitiounsverhandlungen domat ugefaangen, erkläert de Serge Wilmes vun der CSV. Bei dësem Thema, bei deem et och ëm d'Klima-Upassung an ëm d'Klima-Resilienz géif goen, wier ee sech "absolut eens". Allgemeng rechent den aktuellen an zukünftegen éischte Schäffen an der Stad, net mat Problemer bei de Koalitiounsverhandlungen.
"Ech gesinn net wat d'DP an d'CSV wierklech iergendwou kéint grouss ënnerscheeden. Mir leien eis effektiv ganz no, mir hunn déi lescht Joren excellent zesumme geschafft. Nach eng Kéier, ech betounen och ëmmer wierklech, well et si grosso modo déi selwecht Leit. Dat ännert sech net."
Dowéinst sollen d'Koalitiounsverhandlungen an der Stad och relativ séier kënnen ofgeschloss ginn, seet d'Laangzäitbuergermeeschterin Lydie Polfer.
Bis Mëtt Juli soll den neie Gemengerot scho kënnen zesumme geruff ginn, fir d'Schäfferotserklärung kënnen ze maachen, esou haut de Serge Wilmes.