D'Vereedegung vun de siwe Membere vum Schäfferot ass fir de 6. oder 7. Juli virgesinn, esou d'Lydie Polfer. Bei der DP sinn dat d'Lydie Polfer, de Patrick Goldschmidt, d'Corinne Cahen an d'Simone Beissel. A bei der CSV sinn et de Serge Wilmes, de Maurice Bauer an de Paul Galles.
Bei den Inhalter vum Koalitiounsprogramm bis 2029 wollt d'Buergermeeschterin haut nach net an den Detail goen.
"Mee ech mengen et ass awer scho kloer, datt ebe Klimawandel, Energiekris an Zesummeliewen an enger Stad, déi ëmmer méi grouss gëtt a méi multikulturell ass, natierlech ganz wichteg Punkte sinn."
D'Schäfferotserklärung soll de 17. Juli presentéiert ginn, an den 21. Juli diskutéiert a gestëmmt ginn.
De Serge Willmes geet mat an d'Chamberwalen
De Serge Wilmes, deen éischte Schäffen an der Stad bleift, betount, datt lieweg Quartieren eng vun de Prioritéite solle sinn.
"Wou ech ganz frou sinn, ass datt DP an CSV ee groussen Akzent drop hunn, dat ass d'Quartiers-Entwécklung. Datt mir wierklech 2024 gäre wëllen zum Joer maache vun deene 24 Quartieren."
Hien hätt wëlles fir sechs Joer éischte Schäffen an der Stad ze bleiwen, esou de Serge Wilmes.
"Ech soen awer och ganz kloer, datt ech mat an d'Chamberwale wäert goen."
Zur Fro, ob hien dann am Fall wou net awer ee Ministerposte géif unhuelen, wollt de Serge Wilmes haut keng Ausso maachen.
Lydie Polfer: De Plang ass, 6 Joer Buergermeeschter ze bleiwen
D'Lydie Polfer hirersäits huet widderholl, datt si fir sechs Joer Buergermeeschterin wëllt bleiwen. D'Fro no enger eventueller Kandidatur bei de Chamberwalen huet si esou beäntwert.
"Dat kucke mir mat menger Partei. Mee ech musse soen et ginn awer e puer Punkten, wou ech weess, datt dat wat mir hei an der Stad brauchen, nëmme kann erreecht ginn, wann effektiv um nationale Plang do Ännerunge kommen, um Niveau vun der Legislatioun. An dat wier ech frou, kënnen do nach mat ze schaffen."