Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsfolter-Prozess: Wie gëtt hei verurteelt?

Chronik

Staatsfolter-Prozess: Wie gëtt hei verurteelt?

En däitscht Geriicht huet gëschter eng Persoun fir hir Roll am Syrie-Krich verurteelt - wéinst Verbrieche géint d'Humanitéit. Et ass déi éischt Verurteelung vun dëser Zort weltwäit. Den Ugeklote war fir d'Folter vu Regimmgéigner verantwortlech - an ass finalement selwer aus Syrie geflücht. De Prozess kéint deen éischte vu ville sinn. Mee ginn iwwerhaapt déi richteg Leit jugéiert, freet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

auto_stories

2 min

Den Ugekloten Anwar R. den 13. Januar am Oberlandesgeriicht. Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey

Et war eng monumental Aufgab, déi sech d'Oberlandesgericht vu Koblenz, knapps annerhallef Autosstonn vu Lëtzebuerg fort, operluecht hat. Fir d'éischte Kéier hu sech am Prozess, deen en Donneschdeg op en Enn gaangen ass, Leit fir hir Handlungen am syresche Biergerkrich misse verantworten.

Weider Prozesser si geplangt

80 Zeien hunn zënter Abrëll 2020 ausgesot, dorënner Leit, déi vum syresche Regime gefoltert goufen. 108 Verhandlungsdeeg huet de Prozess gedauert - an um Enn gouf den Haaptugekloten, e fréiere Geheimdéngschtler, zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Hien wier deemno an engem Prisong zu Damaskus fir d'Folter vun op mannst 4000 Leit verantwortlech gewiescht.

De Prozess huet och international fir Opreegung gesuergt. Net verwonnerlech, et ass dee weltwäit éischte vun där Zort. An de Prozess - genau wéi d'Verurteelung - kéint Präzedenzfall-Charakter hunn.

An Däitschland si weider Prozesser géint fréier Membere vum Assad-Regime geplangt. Scho nächst Woch muss sech en Dokter zu Frankfurt fir seng Dote verantworten. Wéinst dem Weltrechtsprinzip am Völkerstrofrecht kënne Krichsverbriecher och an anere Staaten ugesicht ginn.

An et ass méiglech, datt elo weider Leit aus der syrescher Communautéit an Däitschland un d'Ëffentlechkeet oder bei d'Autoritéite ginn, fir fréier Regime-Memberen, déi am Verlaf vum Biergerkrich selwer geflücht sinn, unzesichen.

Ambivalente Präzedenzfall

Mee sou wéi de Prozess e Präzedenzfall ka sinn, genausou ambivalent bleift en och. Well - an dat gëllt och fir änlecher Prozesser an der Zukunft - et muss een dann awer d'Fro stellen, wien hei am Endeffekt ugesicht gëtt?

Datt de Mann, deen elo zu Koblenz verurteelt gouf, sech schëlleg gemaach huet, steet nom Urteel ausser Fro. Hien selwer huet zwar am Prozess ofgestridden, u Folter bedeelegt gewiescht ze sinn. Datt hien awer fir den Assad-Regime geschafft huet, huet hien ni ofgestridden.

An dat ass de Knackpunkt: Déi Leit, deenen elo de Prozess gemaach ka ginn, sinn déi, déi iergendwann selwer virum Regime fortgelaf sinn. Déi entweder ugefaangen hunn mat der Oppositioun ze sympathiséieren, oder - wéi de Verurteelten - aus Angscht desertéiert hunn.

D'Vergaangenheet vum Verurteelte vu Koblenz ass "opgeflunn", well hien als Zeien géint en eemolege syreschen Offizéier befrot gouf. Et sinn eben déi Deserteuren, déi och Zeie kéinte sinn a Prozesser géint déi, déi bis haut nach a Syrien un der Muecht sinn.

Dat mécht hir Doten net besser an et deet se net verschwannen. Mee wann an europäesche Prozesser duerno all déi Zeien zu Beschëllegten ginn, da ginn et spéider keng Zeie méi.