Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staat u Whistleblower: "Mellt Iech!"

#chamberleak

Staat u Whistleblower: "Mellt Iech!"

Internetnotzer, déi Sécherheetslacunen a staatleche Systemer entdecken, sollen d'Faillë mellen, esou de CTIE. Domat reagéiert de staatlechen Informatikservice op eng 100,7-Meldung.

auto_stories

1 min

De Gilles Feith, Direkter vum CTIE. Foto: Archiv.

E Whistleblower huet erausfonnt, datt ee mat wéineg informatesche Kenntnisser op enger staatlecher Internetplattform un d'Passwieder vun den iwwer dausend Notzer komme kann, och vu Ministeren, Deputéiert a Beamten. Well d'Persoun keng Garantie krut, datt keng Plainte géint se gemaach gëtt, huet si de Feeler ni gemellt. D'Sécherheetslacune besteet eventuell haut nach.

Gemeinsamen Intérêt

De CTIE-Direkter Gilles Feith huet de radio 100,7 kontaktéiert fir en Appell un dësen an aner Whistleblower ze maachen. Wien op Sécherheetslacunen opmierksam gëtt, soll déi anonym mellen. De CTIE géif dat eescht huelen, vertraulech behandelen a probéieren, de Feeler sou séier wéi méiglech ze behiewen. De Gilles Feith seet, hie wéilt d'Systemer sou sécher wéi méiglech maachen.

De Whistleblower, deen un de radio 100,7 erugetruede war, sot eis nom Appell vum Gilles Feith, hie wéilt de Feeler nach ëmmer melle wann hie legal ofgeséchert wier. Béid Säite wëllen deemnächst Kontakt mateneen ophuelen.

Wéinst enger gréisser Sécherheetslacune um Internetsite vun der Chamber ass d'Diskussioun iwwer d'Sécherheet vun de perséinlechen Donnéeën an Zäite vun der Digitaliséierung relancéiert.