Duerch d'Analys vun Echantillonen, déi bei Kläranlage geholl ginn, geléngt et senger Ekipp d'Entwécklung vun den Infektiounszuele virauszesoen.
Am Moment wier d'Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser stabel op engem héijen Niveau.
"C'est vraiment très difficile de déterminer la tendance sur ces deux dernières semaines. Je dirais qu'en tout cas au minimum c'est stable, et on va voir dans les résultats qui vont arriver cette semaine, si une tendance à la diminution est observée ou pas."
Eng Tendenz no ënne wier bis elo nach net ze erkennen, esou den Henry-Michel Cauchie.
Geographesch Ënnerscheeder
An den Ofwaasserwäerter léisst sech och erausliesen, wéi eng Regioune vum Land besonnesch vum Virus betraff ginn. Och geographesch stëmmen d'Kurve vu Viruskonzentratioun am Ofwaasser an neie Corona-Fäll uechter d'Land iwwereneen, souguer wann d'Leit net do schaffen, wou si wunnen, esou de Fuerscher beim LIST.
"On remarque que ce phénomène - travailler à un autre endroit que l'endroit de résidence - ne brouille quand-même pas spécialement si fort les cartes que ça. L'image reste bonne. C'est-à-dire que la station d'épuration où l'on réside se corrèle bien avec les cas autour de la station d'épuration."
Kee Virus am Drénkwaasser
Beim Projet Coronastep vum LIST gëtt d'Viruskonzentratioun am Ofwaasser gepréift. Doduerch kann ee viraussoen, wéi d'Infektiounszuele sech wäerte weiderentwéckelen. D'Waasserprouwe ginn an 13 Kläranlagen uechter d'Land geholl.
Och wann hei nach Virus dra wier, géif et keng Gefor fir d'Personal ginn. An de Kläranlage géif all Trace vum Virus "eliminéiert" ginn, esou de Henry-Michel Cauchie. De Virus wier also net am Drénkwaasser, esou de Fuerscher.