"Mir wëlle keng national Spuer-Police, mee e nationale Spuer-Pakt", sou den Energieminister Claude Turmes iwwer de Mesurëpak, deen elo op fräiwëlleger Basis soll ëmgesat ginn.
"Wann dat net géif geschéien, respektiv wann um europäeschen Niveau de Gasnoutstand ausgeruff géif ginn, da gi mir an obligatoresch Moossnamen. Mir hunn ugefaangen a mengem Ministère ee Règlement grand-ducal virzebereeden, wou mir dann eng ganz Rei Saache méi verbindlech géife maachen."
Et wier e Plang, dee graduell ëmgesat an jee no Bedarf nogeschäerft géif ginn. Wichteg wier awer elo, datt déi verschidde Beräicher géife matzéien.
Staat a Gemengen: Virbildfunktioun
Virop ass et de Staat, dee mam gudde Beispill virgeet: an de Verwaltungsgebaier soll an Zukunft just nach maximal op 20 grad gehëtzt ginn, Couloiren an net benotzte Raim solle guer net gehëtzt ginn.
Och d'Gemenge wäerten eng wichteg Roll spillen, seet de Serge Hoffmann, Vizepresident vum Syvicol: net nëmmen déi ëffentlech Gebaier, mee och d'Stroossebeliichtung géif eng Roll Spillen.
Vill ëffentlech Gebaier géif vill Stroum verbrauchen, wéi zum Beispill Sportsinfrastrukturen. Well d'Gemengen no beim Bierger sinn, kéinte si och eng Virbildfunktioun iwwerhuelen.
Betriber: bis elo keng Detailer
Wärend d'Bierger opgefuerdert ginn hir Zëmmertemperatur ëm een oder zwee Grad erof ze fueren an esou bis zu 12 Prozent manner Energie ze verbrauchen, ass et bei de Betriber méi komplex.
Et goufe Gespréicher mat der FEDIL iwwer punktuell Mesurë fir bis zu 30 Prozent Gas anzespueren. Detailer goufe keng genannt, déi dierfen awer an der Tripartite nach zur Sprooch kommen.
All eenzele Member vun der Chambre de commerce an der Federation des Artisans wäert per Courrier iwwer Spuerméiglechkeeten informéiert ginn. Eng berodend Roll soll hei d'Energieagence spillen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.