Et hätt een de Coronavirus ënner Kontroll, verséchert de Gesondheetsminister Salvador Illa Mëtt Februar, wéi de Mobile World Congress, déi gréisste Mobilfoire an Europa ofgesot gëtt. D'Liewe geet weider: den 8. Mäerz ginn Honnertdausende Leit fir de Weltfraendag op d'Strooss, Parteien hale grouss Kongresser of.
![]()
Eng Woch duerno rifft déi spuenesch Regierung - eng Koalitioun, déi eréischt zanter Januar besteet - den Etat d'urgence aus. Spuenien geet an ee vun deen häertste Lockdown vun Europa.
Gesondheetssystem iwwerlaascht
An de Klinicke gouf et zu deem Zäitpunkt scho béis Iwwerraschungen. D'Alba, eng Doktesch op der Intensivstatioun zu Sabadell, westlech vu Barcelona, erzielt: "Et koum een nom aneren op d'Intensivstatioun. An den Urgencë war et virdru roueg, mee op eemol hu si sech exponentiell gefëllt."
D'Gesondheetspersonal organiséiert sech vun deem Moment u selwer a schafft an der éischter Well am 12-Stonnentakt. Wärenddeem fënnt d'Arméi abandonéiert oder doudeg Leit an den Altersheimer. Biller vu volle Morguë geeschteren duerch Europa.
"Op politeschem Level gouf et vill Desorganisatioun, virun allem um Ufank. Zum Beispill gouf d'Material an de Klinicken net homogen verdeelt", erkläert d'Alba weider. Den ëffentleche Gesondheetssystem goung geschwächt an d'Pandemie eran: zanter der Kris 2008 ass d'Gesondheetspersonal ënnerbesat an iwwerschafft, Fleegeheimer feelt et u Material an dacks gëtt just mat Kuerzzäitkontrakte geschafft.
Pandemie deckt weider Wonnen op
Ee vun den éischte grousse Clustere gouf zeréckgeféiert op afrikanesch Tagelöhner, déi an extreem schlechte Verhältnesser op de Felder geschafft hunn an ënnerbruecht waren.
![]()
Et kënnt ëmmer erëm zu onkontrolléierten Ausbréch a Stadsvéierel, an deenen d'Leit op enkstem Raum mussen zesummeliewen a wärend dem Lockdown just fir dat néidegst dierfe virun d'Dier.
Tourismus-Servicer wéi AirBnB, déi der Stad Barcelona laang een Dar am An waren, zéie sech zréck. Eleng zu Barcelona ginn 800 Leit entlooss. Ee Schäffe vu Barcelona geet dervun aus, datt bal d'Hallschent vun den Vakanzenappartementer an deenen nächsten dräi Joer wäert erëm vu lokale Leit bewunnt ginn.
Ee Summer ouni Touristen
![]()
D'Land, an deem den Tourismus ee groussen Deel vum Bruttoinlandprodukt ausmécht, mécht wéi all déi aner EU-Länner d'Grenzen den 1. Juli op. Dat, obwuel d'Pandemie-Zuelen nohinken. Experte gesinn déi verfréiten Ouverture fir den Tourismus spéider als ee vun den Haaptgrënn fir déi zweet Well vun Infektiounen am Hierscht.
Mee dee ganz grousse Succès fir den Tourismussecteur bleift aus: "D'Effete vun der Kris gesi mir schonn zanter Mäerz. Vun de 15.000 Hotellen a Spuenie sinn der am Moment just 20 Prozent op". Dat, obwuel ee vill a sanitär Mesuren investéiert hätt, esou de Manuel Vegas vum Daachverband vun den Hoteldirekteren.
Katalounie preparéiert sech op Neiwalen
![]()
Katalanesch Separatiste loosse kaum eng Méiglechkeet ongenotzt fir déi zentraliséiert Reaktioun op déi sanitär Kris a Fro ze stellen. Mee och hire lokale Contact-Tracing verseet a kann eng zweet Well, wou d'Kontroll iwwer d'Mesurë bei de Regionalregierunge läit, net evitéieren.
An d'Corona-Kris era fält d'juristesch Entscheedung, datt de Regionalpresident Quim Torra zerécktriede muss. Hien hat sech geweigert, Separatistefändele vun ëffentleche Gebaier erofzehuelen. Eng gréisser Géigereaktioun op der Strooss bleift aus, och well déi separatistesch Parteien ëmmer méi an Eenzelstécker zerfalen.
Stress am Kinnekshaus
![]()
No Korruptiounsvirwërf verléisst de fréiere spuenesche Kinnek Juan Carlos an enger Nacht-und-Nebelaktion am August d'Land a Richtung Saudiarabien. Et gëtt ënnersicht, op hie méiglecherweis Suen aus Saudiarabien ugeholl huet, fir spuenesch Firmae bei Opträg ze favoriséieren.
D'Regierung vum Pedro Sánchez, déi 2020 eigentlech wollt sozial Reforme virundreiwen, bréngt Enn des Joers ee wichtegt Theema duerch de Senat: d'Euthanasie. Spuenien ass domat eréischt dat véiert Land an Europa, dat Euthanasie legaliséiert.
2021: Endlech eng nei Normalitéit?
![]()
D'Aarbechtslosegkeet geet 2020 zwar ferm an d'Luucht, mee erreecht bis ewell nach net den Niveau vun der Kris 2008.
2021 soll also eng nei Chance si fir Spuenien - d'Regierung wëllt Vertrauen a sozial Mesuren opbauen, wärend lokal Vertrieder sech Gedanken maachen iwwer méi nohalteg Aart a Weise fir ee bessert Zesummeliewen an de Stied.