arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sproochen entscheedend um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché

ADEM

|
reading time

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Sproochen entscheedend um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché

D'Sprooche sinn entscheedend dofir, op Flüchtlingen eng Aarbechtsplaz hei zu Lëtzebuerg fannen, sou d'Directrice vum Aarbechtsamt. D'ADEM géif Leit am Flüchtlingsstatut dofir verstäerkt Sproochecoursen ubidden.

reading time

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Wann ee keng Sprooch géif maîtriséieren, déi hei zu Lëtzebuerg um Aarbechtsmarché gefrot gëtt, wier et immens schwéier um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen. "An dofir hu mer elo och nei Programmer lancéiert, wou mer wierklech intensiv Sproochecoursen ubidden", seet d'Isabelle Schlesser. Där Coursen, déi iwwer de ganzen Dag ginn, wieren et virdrun nach net esou vill ginn.

Am Moment wiere 750 Flüchtlinge bei der ADEM ageschriwwen, sou d'Directrice vun der ADEM. De Risk fir laang aarbechtslos ze bleiwen, wär fir dës Leit awer net méi héich, wéi fir aner Chômeuren.

Desequiliber um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché

De Chômage ass d'lescht Joer geklommen, nodeems e virdru véier Joer laang zeréckgaange war. Wéi d'Aarbechtslosegkeet sech am neie Joer entwéckelt, wier am Moment schwéier virauszegesinn, seet d'Direktesch vum Aarbechtsamt.

De Grond fir déi rezent Hausse vum Chômage ënner de Lëtzebuerger Residente wier net schwéier ze fannen, seet d'Directrice vun der ADEM.

Et géif einfach en Desequiliber tëschent deene Leit ginn, déi um Aarbechtsmarché gesicht ginn, an deene Leit, déi méi laang am Chômage sinn. Eppes géint dësen Desequiliber ze ënnerhuele wier awer méi schwéier, sou d'Isabelle Schlesser. Et géifen dauernd Beruffer déi bestinn ewechfalen an neier dobäikommen. D'Schwieregkeet wier, fir d'Schoulformatioun deementspriechend unzepassen.

D'Fakultéit fir sech ze adaptéieren a sech weiderzebilde sinn immens wichteg

An trotzdeem ginn et Méiglechkeete sech op de Aarbechtsmarché vun haut ze preparéieren. Virun allem d'Fakultéit, fir sech ze adaptéieren, flexibel ze sinn a sech weiderzebilden, wier haut immens wichteg.

Fir ze verhënneren, datt d'Leit laang am Chômage bleiwen, leet d'ADEM dofir besonnesch vill wäert op Weiderbildungen. Dobäi geet et net ëmmer ëm Qualifikatiounen, déi fir e bestëmmte Beruff gebraucht ginn.

play_arrow Lauschteren