Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprooch soll integréieren, net ausschléissen

Lëtzebuerger Sprooch

Sprooch soll integréieren, net ausschléissen

Deen neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy plädéiert dofir, datt déi wichtegst Gesetzer an aner allgemeng Texter an Zukunft op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. Fir vill Leit am Land géif Franséisch e Problem duerstellen, an dofir wier et wichteg, d'Texter op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen, ugefaange mat der Verfassung.

auto_stories

2 min

Eng vu senge wichtegste Missiounen als Kommissär gesäit de Marc Barthelemy doran, derzou bäizedroen, datt méi Lëtzebuergesch-Coursen ugebuede ginn. Am Moment ginn et der net genuch: D'Demande ass méi grouss wéi d'Offer.

Bei alle Beméiunge fir d'Promotioun vum Lëtzebuergesche wier et him awer en Uleies, drop opzepassen, datt d'Sprooch eppes bleift wat integréiert an näischt gëtt, wat ausgrenzt, esou de Marc Barthelemy. D'Roll vum Kommissär ass fir de Marc Barthelemy fir Doleancë vu Bierger opzehuelen an deenen nozegoen. Als Beispill nennt hien de Sproochegebrauch an den ëffentlechen Administratiounen. Hie wier net nëmmen eng Aart Ombudsmann vun der Lëtzebuerger Sprooch, mee "vun der Villsproochegkeet", mengt de Marc Barthelemy.

Lëtzebuergesch als EU-Sprooch

De Marc Barthelemy vertrëtt d'Meenung, datt Lëtzebuergesch eng offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun sollt ginn. Et géife wéineg Argumenter dogéint ginn, fënnt deen neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Lëtzebuergesch hätt den Ament guer kee Statut an der Europäescher Unioun. "Wougéint all déi aner Sproochen, déi an Europa geschwat ginn, e Statut hunn: Déi eng sinn offiziell Landessproochen, an déi aner sinn als Minoritéitesproochen unerkannt." Lëtzebuergesch wier weder dat Eent, nach dat Anert. Doduerch géifen ënner anerem Programmer, déi mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hätten, keng europäesch Sue kréien.