De Mëttwoch gouf en deementspriechende Gesetzesprojet am Regierungsrot ugeholl. Déi alles an allem elo zéng Antenne vun de véier Spideeler sollen dezentral duerch d'Land verdeelt ginn an a véier Beräicher, dorënner IRMen oder nach Onkologie aktiv sinn, huet d'Ministesch erkläert. Sou en externe Site kéint entweder just vum Spidol selwer bedriwwe ginn oder duerch eng Collaboratioun mat Dokteren. E Contrat-Type soll d'Modalitéiten tëschent den Acteure reegelen, esou d'Paulette Lenert.
Et kann ee sech virstellen, datt an dem Kontrakt festgehale gëtt, wéi bezuelt gëtt, wie matschwätzt beim achat, wei dat gereegelt gëtt. Mee et ass elo bësse fréi do virzegräifen.
De Finanzement vun den Infrastrukture soll weiderhin zu 80 Prozent vum Staat iwwerholl ginn. Den Ament géif et eng eenzeg konkret Demande fir eng Kollaboratioun ginn: dat wier tëschent dem CHL an dem Cabinet vu Gréiwemaacher um Potaschbierg. Patienten déi hei schonn en IRM gemaach kruten, géifen den Ament awer nach net rembourséiert ginn, well et nach kee fäerdegen Accord géif ginn, esou de Minister vun der Securité Sociale Claude Haagen.
Remboursementer ginn no engem Accord méiglech
Wa bis en Accord tëscht engem Spidol an enger Antenn ënnerschriwwe wier, géif de Remboursement awer vun der CNS iwwerholl ginn.
"Wa keen Accord fonnt géif ginn, wouvunner mir net ausginn da muss een nach eemol eng demande maachen um Niveau vum CA vun der CNS fir dee Problem ze léisen."
Bis ewell wieren aacht Rechnungen an d'CNS ageschéckt ginn, déi wieren "on hold". An de leschte Woche war et Sträit ginn ronderëm en neien IRM an der privater Praxis um Potaschbierg.