Op all Tournage gëtt et eng speziell forméiert Persoun, déi drop oppasse soll, datt d'Reegelen agehale ginn. Dës Persoun krut an Zesummenaarbecht mam Santésminsitère eng speziell Formatioun, seet de Guy Daleiden:
"Well Dir kënnt Iech virstellen, op engem Tournage, wou awer bis zu 100 Leit (oder nach méi zäitweis) op engem Plateau sech beweege wärend dem Dag, datt do natierlech strikt déi Mesures barrières musse respektéiert ginn. Well wann esou eppes geschitt, op engem Tournage, dann ass dee ganze Film gestoppt. "
Zousätzlech Käschten, déi duerch déi sanitär Mesuren entstinn, géife vum Filmfong iwwerholl ginn, esou nach de Guy Daleiden.
"Mir gi jo Sue fir deen Deel, deen an d'Lëtzebuerger Ekonomie fléisst, ofzedecken. Wann also Zousazkäschten ufalen am Kader vun enger Produktioun, déi zu Lëtzebuerg geschitt, déi liéiert sinn un déi sanitär Mesurë wärend der Kris, deen Deel gëtt mat an de Budget vum Film geholl, an dee kënne mir als Filmfong mat couvréieren."
Den Direkter vum Fong huet och nach gesot, datt 14 Gesellschaften déi remboursabel staatlech Hëllef vu bis zu 250.000 Euro ugefrot hätten, déi speziell fir Film-Produktiounsgesellschaften ugebuede gëtt.