Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spekulatiounssteier: "Ech mengen net, datt dat eppes bréngt"

Wunnengskris

Spekulatiounssteier: "Ech mengen net, datt dat eppes bréngt"

Déi grouss Baupromoteure géife keng Terrainen als Reserv zeréck halen, seet de Marc Giorgetti. Dem Bauentrepreneur no wieren all seng Terraine mat engem Bauprojet an der Prozedur. Fir méi Logement ze schafe misst méi séier, méi dicht, an a méi klengen Unitéite gebaut ginn.

auto_stories

7 min

D'Konzentratioun vum Bauland ass enger Etüd vum LISER no zu Lëtzebuerg héich: bal 90 Prozent vun den Terrainen, déi am Perimeter leien, an op deene Logement kéint gebaut ginn, sinn a privater Hand. Dobäi hu vill Leit hu wéineg eidel Terrainen, wärend ee klenge Grupp vu Privatleit a Societéiten ee groussen Deel vum Kuch besëtzen.

Déi ëffentlech Hand sicht no Léisunge fir d'Proprietären dozou ze beweegen, op hiren Terraine Wunnengen ze bauen. Ënner anerem wëllt déi blo-rout-gréng Koalitioun dowéinst elo bannent engem Joer eng Reform vun der Grondsteier virleeën, mam Zil d'Spekulatioun mat Bauland a Wunnengen ze besteieren.

Grondsteierreform: "Zousätzlech Strof"

Jee nodeems wéi déi Reform géif ausgesinn, missten d'Promoteure "sech fest unhalen", mengt de Marc Giorgetti. Hie gëtt ze bedenken, datt hien dann eventuell zousätzlech géif bestrooft ginn, well d'Prozedure fir ee Projet ëmzesetzen ze laang daueren. Esou eng Steier géif a sengen Aen näischt bréngen.

A sengem Fall géif eng Spekulatiounssteier net maachen, datt hie méi Wunnenge kéint bauen: hie géif souwisou fir all Terrain, deen hie keeft, eng Prozedur fir e Bauprojet lancéieren. Eng "Réserve foncière" op där hie spekuléiert, hätt hien also guer net, esou de Marc Giorgetti.

Sich nom Schëllegen ass "onproduktiv"

Wéi vill Hektar Bauland him a senger Firma gehéieren, wollt de Marc Giorgetti awer net genau soen. Et wier genuch fir e "puer Honnert Dausend Meter Carré" Büroen, kommerziell Fläch a Wunnengen ze bauen.

D'Zuele vum LISER, déi op offiziellen Donnéeë berouen, stellt de Marc Giorgetti iwwerdeems a Fro: et géif net eleng ëm Hektare goen, mee och ëm d'Wunnfläch, déi een op engem Terrain dierft bauen. A souwisou wier et "total onproduktiv" fir elo "ze siche wie schëlleg ass".

Alternativ Léisungen

D'Léisung wier fir méi séier, méi héich, méi dicht an a méi klengen Unitéiten ze bauen, esou de Promoteur. Déi vill Projete vu private Promoteuren an der ëffentlecher Hand, déi "an der Pipeline" sinn, géifen duergoen, "fir de Marché an de Grëff ze kréien".

Eng gutt Alternativ zur Hausse vun der Grondsteier ass fir de Marc Giorgetti, datt d'Gemengen en Developpement vum Terrain bannent engem gewëssen Zäitraum virschreiwen. Genau dat geschitt grad op engem Terrain zu Zéisseng, dee vu senger Firma developpéiert soll ginn. Wa bannent sechs Joer kee Plan d'aménagement particulier prett ass, gëtt den Terrain ëmklasséiert.

Manktem vu Main d'oeuvre

Et géif am Bausecteur ee Manktem u Main d'oeuvre ginn, erkläert de Marc Giorgetti. D'Alterspyramid am Secteur géif maachen, datt bannent den nächste fënnef Joer ee Fënneftel vun de Bauaarbechter a Pensioun ginn. An et wier schwiereg nei Leit ze rekrutéieren, och well de Wunnengsmaart deier ass.

Datt d'Baubetriber hei am Land un der Limitt vun deem sinn, wat se u Logement kënne bauen, wëllt de Marc Giorgetti esou trotzdeem net gär stoe loossen. Et wier een och am Gaange méi a Richtung vun enger Automatiséierung vu Prozesser ze goen, notamment duerch den Asaz vu prefabrizéierte Bauelementer.

Logement an Inegalitéiten

Datt déi héich Logementspräisser Drock op d'Léin - och vun den Aarbechter a senger Bauentreprise - ausüben an zu enger Hausse vun den Inegalitéiten am Land féieren, hält de Marc Giorgetti selwer fir problematesch.

Datt Menagë mat klengem Akommes ëmmer méi fir de Logement ausginn an deels iwwer d'Hallschent vun hirem Revenu, wärend d'Stéit mat héijem Akommes tendenziell eng manner héich Laascht duerch Logementspräisser droen, kommentéiert hien esou: "Ech sinn net frou, datt d'Wunnengen esou deier sinn. Dat ass keng gesond Situatioun. Ech wier frou, wann deen Ënnerscheed manner grouss wier".

Steieravantagë fir Immobillieninvestisseuren

Dem Marc Giorgetti no ass den Interessi vun Investisseuren um Lëtzebuerger Immobiliëmarché déi lescht Jore gewuess. Och well d'Suen do sécher ugeluecht sinn. Deemno géif de sougenannten Taux d'amortissement accéléré - ee staatleche Subside fir den Invest an Immobilien - fir d'Investisseuren net onbedéngt eng grouss Roll spillen.

Zur Fro ob hien trotzdeem géint d'Ofschafe vun dësem Steieravantage ass, seet de Marc Giorgetti: "Ech hunn net dogéint ze sinn, mee et muss ee sech d'Fro stellen: Mécht et wierklech Sënn?"

Bausecteur: CovidCheck a Kollektivvertrag

An de Betriber vum Grupp Félix Giorgetti géif am November kee CovidCheck-System agefouert ginn, deemno d'Leit entweder geimpft oder geheelt sinn, oder awer een zertifiéierten Test kënne virweisen. Et géif ee mat de selwechte sanitäre Mesurë weider fuere wéi bis elo, esou de Marc Giorgetti.

D'nächst Joer stinn am Bausecteur nei Kollektivvertragsverhandlungen un. Hie géif net vu konfliktuelle Gespréicher ausgoen, seet de Patron: "Mir fannen ëmmer Léisungen". Engersäits géif et jo den Index ginn, a mat den Negociatioune kéim an de Léin da wuel "nach eppes derbäi". Gläichzäiteg weist de Marc Giorgetti drop hin, datt d'Präisser vun de Baumaterialer staark geklomme sinn.

Seegelbooter: Hobby a Geschäft

De Marc Giorgetti ass Haaptaktionär bei der Firma "Solaris", déi an Norditalien - tëscht Venedeg an Triest - Seegelbooter baut. Dat wier Ufanks just een Hobby, mee mëttlerweil hätt déi Entreprise iwwer 200 Mataarbechter.

Et wier eng "flott Aktivitéit", well fir ee "Boot brauch ee keng Baugeneemegung". Och hei expandéiert den Entrepreneur, notamment mam Opkaf vum Yacht-Constructeur "Chantiers Navals de Bordeaux".

Diversifikatioun, Medien a Politik

De Marc Giorgetti ass nach a villen anere Beräicher aktiv. Zum Beispill huet hien 2006 mat anere Geschäftsleit eng Bank, d'CBP, gegrënnt, déi elo verkaf gouf. Hie sëtzt an de Verwaltungsréit vun enger Re-Assurance-Firma, a vun der Investmentfirma BIP. D'Aktivitéite vu senger Firma "Giolog" an de Vereenegten Arabeschen Emirater huet den Entrepreneur agestallt.

Et zirkuléiert och d'Rumeur, datt de Marc Giorgetti um Lëtzebuerger Mediesecteur interesséiert wier. D'Lëtzebuerger Land hat säin Numm an d'Gespréich bruecht, hien hätt Interessi un RTL Lëtzebuerg - ëmmerhi kéint et jo sinn datt den RTL Group no 2030 net méi hei am Land bleift. Dat dementéiert de Marc Giorgetti: "Do waren Null Gespréicher, Null iergendeppes."

De Marc Giorgetti bezeechent sech selwer als ee Liberalen. Hie stéing dowéinst awer kenger Partei méi no ewéi enger anerer. An hie schléisst aus, datt hien eng Kéier de Sprong an d'Politik kéint maachen: "Dat ass een anere Metier a vläicht sinn ech och ze vill éierlech dofir."

Wickreng-Léiweng: Wann zwee sech streiden

2012 goung aus an enger preliminärer Justizenquête wéinst der Affär "Wickreng-Léiweng" ervir, datt de Marc Giorgetti Kontakter mat DP-Politiker hat fir hinnen Informatiounen iwwer d'Affär ze ginn. Hien hätt déi ganz Saach awer "definitiv net" an d'Rulle bruecht. De Marc Giorgetti gouf deemools vun der Justiz gehéiert ginn, well hien do "mat eragerode" wier.

Als klenge Rappell: et goung deemools ëm de Reproche, datt d'Regierungsmemberen hie Muecht mëssbraucht hätten, fir Afloss op verschidde Bauprojeten ze huelen - et goung do ënner anerem ëm de Bau vun engem Fussballstadion. D'Justizaffär ass deemools ouni Suitte klasséiert ginn.

Déi zwee Entrepreneure Guy Rollinger a Flavio Becca waren deemools méi direkt an dee Konflikt verwéckelt. Um Enn war et de Marc Giorgetti, deen den nationale Fussballstadion zu Gaasperech baut - an deen ee grousse Bauprojet zu Wickreng realiséiert. Wann zwee sech streiden, freet sech also een Drëtten? "Dat kënnt Dir lo duerstellen, wéi Dir et wëllt", äntwert dorobber de Marc Giorgetti: "Ech distanzéiere mech vun all deene Saachen, déi deemools geschitt sinn, well ech wierklech net involvéiert war."

D'Affär "Wickreng-Léiweng" hätt a sengen Aen een Impakt op den Ëmgank tëscht Politik a Baupromoteure gehat: "De Relationnel huet gelidden".