Däitschland SPD an den Ëmfroe virun CDU/CSU

A bal genau engem Mount wielt Däitschland e neie Bundestag. Och d'Course ëm d'Kanzleramt ass, no 16 Joer Angela Merkel, am gaangen - a se ass esou oppe wéi scho laang net méi. An der Schlussphase vum Walkampf huet sech eng Partei an de Virdergrond gespillt, déi an de leschte Jore scho méi wéi eng Kéier ofgeschriwwe war.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Olaf Scholz
Den Olaf Scholz huet am Walkampf bis elo kee Feeler gemaach a profitéiert vun der Schwächt vun den anere Kandidaten. Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Et muss ee wäit zeréckgoen - genauer gesot: et muss ee 15 Joer zréckgoen, an d'Joer 2006, fir e bundeswäite Sondage ze fannen, an deem d'SPD virun der Unioun vun CDU an CSU louch. Et war eng aner politesch Welt deemools: an der Bundestagswal ee Joer virdrun hunn SPD an Unioun zesumme bal 70 Prozent kritt. D'Land vun de Volleksparteie war wäit ewech vun der zerspléckter Parteielandschaft vun haut.

15 Joer an 12 kommissaresch a net-kommissaresch Parteicheff:inne méi spéit ass et nees sou wäit: d'SPD läit an de Sondagë vir. Virun der Unioun, virun de Gréngen. An dat just e knappe Mount virun der Bundestagswal. Op eemol dreemen d'Sozialdemokraten nees vum Kanzleramt.

Dobäi ass et nach guer net laang hir, datt d'SPD endgülteg ofgeschriwwe gi war. Wéi d'Partei lescht Joer den Olaf Scholz zum Kanzlerkandidat ernannt huet - bal e Joer virun der Wal a bei Sondagewäerter vu 14-15 Prozent - huet dat politescht Däitschland gelaacht.

Et gouf souguer driwwer geschwat, ob et fir d'SPD net besser wier, dëst Kéier just ee Spëtzekandidat, awer net e Kanzlerkandidat opzestellen. Sou schlecht stoung et ëm d'Partei.

Den Olaf Scholz huet näischt falsch gemaach

An de leschte Méint ass permanent vun engem Duell tëscht der Gréngen-Kandidatin Annalena Baerbock an dem Uniouns-Kandidat Armin Laschet geschwat ginn. Stand haut ass e Kanzler Olaf Scholz guer net méi sou onrealistesch. Wou kënnt dee rezenten Héichtefluch hier? Wat huet d'SPD, wat huet den Olaf Scholz gemaach?

D'Äntwert dorops ass wuel ganz einfach: am Fong net ganz vill. Wärend seng Géigekandidat:inne vun engem Fettnäpfchen an dat nächst gehopst sinn, huet de Olaf Scholz näischt gemaach. Jiddwerfalls huet en näischt falsch gemaach. Keng Skandaler, keng negativ Opmierksamkeet. D'Sozialdemokrate profitéiere vun der Schwächt vun hire Géigner.

A se profitéieren, dat war scho laang virun de gudde Sondagewäerter kloer, vun hirem Spëtzekandidat. Den Olaf Scholz huet, dat muss ee sou soen, staark perséinlech Sondagewäerter. E rezente Sondage vum Meenungsfuerschungsinstitut infratest-dimap huet erginn, datt 40 Prozent vun den Däitschen den Olaf Scholz an enger direkter Wiel zum Kanzler géife wielen. Am Verglach: Den Armin Laschet kënnt op 16, d'Annalena Baerbock op 12 Prozent.

Gutt Kaarte fir d'Sozialdemokraten

Den Olaf Scholz ass kee Politiker, dee fir grouss Begeeschterung suergt, anescht wéi säi Virgänger Martin Schulz viru véier Joer. Mee en ass als pragmatesche Politiker bekannt, als ee mat Erfarung als Bundesminister a Vizekanzler - eppes, wat seng Géigner net kënne vu sech behaapten.

Wann d'Sondagezuelen esou bléiwen, geet d'SPD mat beschte Kaarten an d'Bundestagswal de Enn September. Mat enger staarker SPD an engem gudde Resultat vun de Grénge sinn och Majoritéiten iwwer d'Unioun ewech méiglech. Wa sech d'Sozialdemokraten da géint déi Gréng behaapten, wier de Wee an d'Kanzleramt fräi.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Armin Laschet (CDU) bei de Pompjeeë vun Hagen
Héichwaasser an Däitschland

An Däitschland reagéieren d'Parteispëtzten op d'Héichwaasser a verspriechen de Betraffenen hir voll Ënnerstëtzung. Vu Walkampf wëllt zwar keen eppes wëssen, de Krisemanagement kéint awer eng Roll spillen.

Annalena Baerbock
Däitschland

Der grénger Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock gëtt reprochéiert, an engem Buch plagiéiert ze hunn. Dës Kéier reagéiert d'Bündnis90/Die Grünen aggressiv - a kritiséiert och d'Roll vun de Medien.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen