Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Spannend Zäite fir de Cannabis a Kanada"

legale Cannabis

"Spannend Zäite fir de Cannabis a Kanada"

Fir géint d'organiséiert Kriminalitéit virzegoen, wëllt de Kanada Marihuana vum éischte Juli 2018 u legaliséieren. Een onrealisteschen Zäitplang, soe Kritiker. D'praktesch Ëmsetzung wier nach net gekläert. Et géif zum Beispill nach ëmmer u qualifizéiertem Personal feelen, fir d'Leit op d'Drogen ze testen.

auto_stories

4 min

Déi meescht Raim an der high-tech Marihuana-Plantage Aurora Vie stinn den Ament nach eidel. Mä déi knapps 4.000 Quadratmeter grouss Anlag, déi de Weekend vun der Firma Aurora Cannabis zu Montreal ageweit gouf, soll eng Kéier bis zu véier Tonne d'Joer kenne produzéieren. "Et ass eng spannend Zäit fir de Cannabis a Kanada", seet de Cam Battley, Vize-President vun der Firma, beim Evenement leschte Freideg zu Montreal.

D'Entreprise wëllt uganks nëmme medezinesche Cannabis produzéieren. De François St-Louis, Chef vum Qualitéitsmanagement bei Aurora Vie, mécht awer kee Geheimnis draus, datt et och eng Manéier ass, fir sech prett ze maache fir d'Legaliséierung, déi a manner wéi engem Joer Realitéit gëtt.

Onrealisteschen Zäitplang?

Während d'Produzenten, wéi Aurora Cannabis ongedëlleg op d'Legaliséierung nächste Summer waarden, ass de Prozess fir déi politesch Responsabel allerdéngs ee richtegt Kappzerbrieches. Eng ganz Rei Politiker aus de kanadesche Provënze werfen dem Premierminister Justin Trudeau vir, datt säin Zäitplang onrealistesch ass a verlaangen, datt de Projet op spéider verluecht gëtt.

Eng vun den dréngende Froen, déi nach muss gekläert ginn, ass, wéi d'Gesetz iwwerhaapt praktesch soll ëmgesat ginn. De President vun der kanadescher Associatioun vun de Police Direkteren, Mario Harel, erkläert, datt et zum Beispill nach ëmmer u qualifizéiertem Personal feelt, fir d'Leit op Drogen ze testen. Nëmme 600 Polizisten am Land hätten den Ament esou eng spezialiséiert Formatioun. Et bräicht een der awer ronn 2.000 méi, fir der Demande an Zukunft gerecht ze ginn. Dem Mario Harel no wier d'Formatioun allerdéngs immens komplex a ganz deier.

Effekter vu Cannabis um Steier

Verschidde Sondagë weisen, datt d'Kanadier sech elo scho Suerge maachen iwwert den Effekt, deen d'Legaliséierung vu Cannabis op d'Sécherheet op de Stroosse wäert hunn. Verschidde Provënzen, wéi Québec an Ontario hunn entscheet, fir null Toleranz ze weisen, wat d'Consommatioun vu Cannabis um Steier ubelaangt. Experte warnen, datt et bal onméiglech wäert ginn, dës Regel an d'Praxis ëmzesetzen.

Den Doug Beirness, Fuerscher um Centre canadien de lutte contre l'alcoolisme et la toxicomanie, huet d'lescht Woch am Interview mat enger ganzer Rei Medien erkläert, datt d'Tester, déi d'Konzentratioune vum THC am Spaut an am Blutt bestëmmen, net beleeën, wéi héich d'Konzentratioun am Gehir ass. Do huet d'Substanz awer hiren Effekt.

Eng Persoun, déi reegelméisseg Cannabis consomméiert, kéint deemno een héijen Taux vun THC am Blutt hunn, mä äusserlech ganz normal schéngen. Een deen dogéint nëmmen eng Kéier consomméiert huet, kéint een niddregen Taux am Blutt hunn, mä net am Stand sinn, mam Auto ze fueren.

Erausfuerderunge vun der Legaliséierung

Fir de Mario Harel ass kloer, datt d'Legaliséierung eng ganz Rei nei Erausfuerderunge fir d'Autoritéite mat sech bréngt. Ënnert anerem, "fir all déi Reglementer a Gesetzer a kuerzer Zäit ëmzesetzen." Eent vun den Haaptziler vum liberale Gesetzprojet, fir de Cannabis ze legaliséieren, ass et, fir der organiséierter Kriminalitéit dëst Milliardegeschäft ewechzehuelen.

D'Erausfuerderung, déi di kanadesch Provënzen an Territoiren an den nächste Méint musse meeschteren, ass engersäits fir sécherzestellen, datt de Präis vum legale Cannabis ënnert dem Präis vum Schwaarzmaart bleift. An, datt de legale Produit méi einfach zougänglech a qualitativ méi héichwäerteg ass, wéi deen um illegale Marché.

Konsequenze vu staatlechem Monopol?

Bis ewell hunn déi meescht Provënze sech fir ee Modell entscheet, wou de Cannabis vun engem staatleche Monopol verkaf gëtt. De Risiko vun deem Modell am Verglach mat engem Modell vu privaten Entreprisë wier awer, datt ee wéinst dem Manktem u Kompetitioun d'Präisser an d'Luucht kéint dreiwen, mengt d'Rosalie Wyonch, Politikexpertin beim onofhängege C.D. Howe Institut.

"D'Geschäfter hunn net wierklech am gläiche Mooss den Incentif, fir d'Präisser niddereg ze halen an d'Käschten ze limitéieren, wéi wann et privat Firmebesëtzer wieren. Fir de gréissten Notzen ze hunn an d'Präisser niddereg ze halen, wier et menger Meenung no wierklech hëllefräich gewiescht, fir de Verkaf duerch privat Acteuren z'erlaben."

Trotz der Komplexitéit vun der Legaliséierung an de villen Erausfuerderungen, déi bevirstinn, wëll déi kanadesch Regierung hiren Zäitplang den Ament nach anhalen. Verschidde Provënzen a Kanada mengen, datt een d'Gesetz ze séier wëllt duerchboxen. D'Rosalie Wyonch ass awer der Meenung, datt esou eng Deadline néideg war.

Stéchdatum soll d'Ëmsetzung an d'Gäng bréngen

Si erkläert, datt d'Provënzen ee groussen Deel vun der Aarbecht musse leeschten, an datt déi kanadesch Regierung mat engem Stéchdatum misst Drock maachen, fir de Prozess an d'Gäng ze bréngen. Aacht Méint virun der Legaliséierung kann de Cam Battley vun Aurora Cannabis et jiddefalls kaum erwaarden, seng Firma weider auszebauen. Senger Meenung no ass elo d'Zäit, fir an de Cannabis z'investéieren.

Mä fir d'Legaliséierung kann och seng Firma net 100-prozenteg prett sinn, gëtt de Cam Battley zou. Senger Meenung no ass et besser, datt ee sech bei engem Projet, wéi der Legaliséierung vu Cannabis d'Erlaabnis gëtt, e bëssen z'experimentéieren.