Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vun der Wirtschaftsmissioun

Spaceresources

Bilan vun der Wirtschaftsmissioun

D'Wirtschaftsmissioun op d'West-Küst vun den USA huet sech exklusiv op de Secteur vun der Weltraum-Ekonomie konzentréiert. Dobäi gouf kloer: Lëtzebuerg huet sech als éischt europäescht Land positionéiert a wëllt dee Secteur zu enger neier Wirtschaftsnich weiderentwéckelen.

auto_stories

6 min

Op dem gigantesche Site vum NASA Ames Research Center gouf déi Lëtzebuerger Spaceresources Wirtschafts-Delegatioun am grousse Stil empfaangen. "Nice to see you again", sot de NASA Direkter, wéi déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider ukoumen. Während den Ierfgroussherzog, de Minister a seng Beroder mam NASA Chief geschwat hunn, sinn d'Journalisten, déi matgereest sinn, ënnert anerem der NASA hire Super-Computer, Pleiades, kucke gaang. Et ass ee vun deene Séiersten op der Welt. Fir de radio 100,7 war de Pierre Reyland mat op der Plaz.

"Wéi an engem Science-Fiction Film"

Eng ganz Hal Plaz brauch dëse Computer, dee vill Kaméidi mécht, esou de Pierre Reyland. Am Raum wier et wéinst de Killsystemer äiskal gewiescht. "Impressionnant, wéi an engem Science-Fiction Film. De Lien mat der Lëtzebuerger Space Resources-Initativ war à Première Vue net evident: Mä mir gi gewuer, déi Lëtzebuerg Regierung léisst sech vun der NASA beroden, fir den europäesche Super-Computer, deen d'nächst Joer zu Lëtzebuerg installéiert soll ginn." Dat wier ee grousse Coup fir d'Promotioun fir d'Entwécklung vun enger "new space economy" a Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg um Radar

An der Silicon Valley, dem globalen Zenter fir déi digital Revolutioun an der Weltall-Industrie, géing ee spieren, datt Lëtzebuerg "definitiv um Radar vun den etabléierten a start-up hich-tech a Space Betriber ukomm" wier. Ee Joer nodeems Lëtzebuerg d'Spaceresources lancéiert hätt. Eng Tatsaach, déi och den neie Konsul a Chef vum Lëtzebuerger Handels- an Investmentbüro zu San Francisco, de Pierre Franck, confirméiere kann. "Ech sinn extrem erstaunt, wéi bekannt Lëtzebuerg ass. Et vergeet keng Woch, ouni datt eng Space-Entreprise sech bei eis mellt. De Bill Miller, neie CEO vun Deepspace Industries seet "den Timing ass perfekt. Et gëtt eng Explosioun vun Interessi vu Weltraum-Gesellschaften zu Lëtzebuerg." Besonnesch och, well Lëtzebuerg e legale Kader aféiere wéilt, deen néideg ass, fir Ressourcen am Weltall ofzebauen. Deepspace Industries ass eng vun den zwou amerikanesche Space Mining-Entreprisen, déi hiren europäeschen Haaptquartéier zu Lëtzebuerg installéiert huet.

Zweiwel um Spaceresources-Gesetz

Datt dëse legale Kader, also dat geplangten neit Lëtzebuerger Spaceresources-Gesetz, fundamental vum Staatsrot a sengem Avis a Fro gestallt gëtt, stéiert de Wirtschaftsminister weider net. Obwuel de Staatsrot bezweifelt, datt d'Lëtzebuerger Gesetz fir de Besëtz an d'Kommerzialiséierung vu Weltall Ressourcë par Rapport zum internationale Recht am Outer Space Treaty déi vill zitéiert "juristesch Sécherheet" fir Space Mining-Entreprisë garantéiere kann.

De Wirtschaftsminister wëll dat neit Lëtzebuerg Gesetz bis Juni duerch d'Chamber kréien - déi potentiell juristesch Onkloerheete wéilt Lëtzebuerg duerno op internationalem Niveau weiderverhandelen. "D'Iddi vun eiser legaler Initiativ ass et, Experten um Niveau vun de Vereenten Natioune wakereg ze maachen. Mir hu schonn e puer Demarchen duerchgefouert, fir déi nei Legislatioun op internationalem Niveau ze lancéieren," esou den Etienne Schneider an den USA.

Exploitatioun vun Asteroiden

Hëllef kritt Lëtzebuerg dobäi och vun der Firma Deepspace Industries. Hir Experte maachen zesumme mat Lëtzebuerg Drock bei der UNO, fir den Outer Space Treaty am Interessi vun enger staatlech autoriséierter a privat kommerzialiséierter Wirtschaft fir d'Exploitatioun vu Weltraum-Ressourcen z'adaptéieren. Dobäi betount de CEO vun Deepspace Industries, datt et beim Asteroiden-Ofbau net just drëms géing goen, Material erof op d’Äerd ze bréngen. "Et gi nach ganz vill aner Virdeeler. Dorënner d'Sich no Liewen, vill Leit mengen datt et Liewen op aner Plazen, wéi der Äerd gëtt. Dann och de Sujet vum Schutz virun Asteroiden. Déi meescht Asteroide goufen nach net entdeckt an et gëtt e Risk, datt se an d'Äerd knuppen."

Ëmmer nees wier op dëser Wirtschaftsmissioun kloer ginn, datt et an éischter Linn drëms géing goen, Ressourcë vun Asteroiden oder dem Mount erof op d'Äerd ze bréngen, seet den 100,7 Journalist Pierre Reyland. D'Material géing gebraucht ginn, fir et op der Plaz ze verschaffen. Am Weltall kéint een da Satellitten zesummenzesetzen a se flécken. Satellite-Sprit zum Beispill, mat Waasser, kéint een dann och am Weltall produzéieren. "Alles dat, fir déi enorm héich Käschten ze reduzéieren, deen den Transport vun der Äerd aus mat sech bréngt," seet de Pierre Reyland.

Space-Tourismus

Den Tourismus am Weltall spillt bei der Exploitatioun och eng Roll. Den Elon Musk, de Visionär vu SpaceX, offréiert elo schonn Tickete fir d'Rees an de Weltall a strieft eng Landung um Mars an net all ze laanger Zukunft un. "Déi etabléiert Satellitte-Gesellschaften, vun der 'old space economy', wéi se hei dacks genannt ginn, wéi d'SSLoral, déi mir och besiche waren, entwéckele mat den 'new space'-Gesellschaften Technologien, fir hir Käschten ze reduzéieren," esou de Pierre Reyland.

Iwwert der Fro vun de reellen ekonomeschen Auswierkunge fir Lëtzebuerg vun der Spaceresources-Initiativ, stéingen awer nach vill Fragezeichen. D'Zukunftsvisioune vun den amerikaneschen "new space economy"-Gesellschafte géingen op d'mannst grad esou vill op positivem Enthusiasmus, wéi op laangfristege Business Pläng berouen. Déi véier Entreprisen, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn, géingen nach net vill Leit astellen a géingen och nach net vill ekonomesche Profit fir Lëtzebuerg generéieren.

Eng Weltraumagence fir Lëtzebuerg

An där Optik huet de Wirtschaftsminister a Kalifornien elo definitiv d'Schafe vun enger Lëtzebuerger Weltraum-Agence confirméiert. En neie Fong vu 70-100 Milliounen Euro soll do ugesidelt ginn, fir weider Weltraum-Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien. Do soll och eppes fir d'Lëtzebuerger Ekonomie eraussprangen, esou den Etienne Schneider. "D'Iddi ass eng Agence spatiale ze grënnen, déi net wéi d'NASA oder d'ESA riseg Zomme vu Kapital verschléngen a wou dann dacks net vill ekonomesche Rendement fir de Staat erauskënnt." Et wéilt ee sech speziell op déi ekonomesch Entwécklung am Beräich Spaceresources fokusséieren an dat am léifste mat privatem Kapital a sou mann wéi méiglech Steiergelder, esou den Etienne Schneider.

Deen neie Fong soll Lëtzebuerg nach méi attraktiv maache fir intresséiert Weltraum Entreprisen. Eng hallef Dose vun hinnen, déi meescht Start-upen, hunn op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien der Lëtzebuerger Delegatioun hire Business presentéiert. Dorënner d'Firma Audacy. Si schafft un engem Kommunikatiounsreseau mat dräi Satellitten an der niddreger Äerdorbit - fir deene ville Satellitten, déi Biller vun der Äerd ophuelen, et z'erlaben, dat 24 Stonnen en continue ze maachen. Op der Äerd wëll Audacy och dräi Buedemstatiounen opriichten, seet ee vun hire Grënner, de Sam Avery. "Eis éischt Buedemstatioun ass zu San Fransisco geplangt, déi zweet zu Singapur. Déi Drëtt wëlle mir zu Lëtzebuerg installéieren."

Bilan vun der Wirtschaftsmissioun an d'USA

Den Etienne Schneider wier positiv iwwerrascht gewiescht vum konkreten Interessi vun Audacy an deenen aner Firmen aus der Silicon Valley, fir op Lëtzebuerg ze kommen. "Mir sinn eigentlech elo iwwerrannt gi mat Ufroen a wëllen déi an deenen nächste Méint verschaffen."

Déi nächst Missioun, an där Spaceresources och eng Roll spille sollen, ass scho geplangt: Am November geet et a Japan.