Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi ganz Welt kuckt op eis"

Spaceresources

"Déi ganz Welt kuckt op eis"

Mat der Space Resources-Initiativ fir d'Exploitatioun an d'Kommerzialiséierung vu Weltall-Ressourcë soll en neie Wirtschaftssecteur zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn - esou dat deklaréiert Zil vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Fir d'Initiativ virunzebréngen, ass eng Lëtzebuerger Wirtschaftsdelegatioun a Kalifornien gereest.

auto_stories

5 min

Déi Lëtzebuerger Strategie fir aus Space Resources en ekonomesche Succès ze maachen, ass op fënnef Pilieren opgebaut, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Een dovunner wier déi international Promotioun vun der Initiativ an déi stéing scho fest am Buedem. D'Weltall-Industrie wier en Haaptpilier vum Innovatiounsprozess zu Lëtzebuerg. "Déi ganz Welt kuckt op eis," sot den Etienne Schneider a Kalifornien.

Wichteg Ressourcen op Asteroiden

Et wier net d'Fro ob, mä wéini d'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcen ofhieft. Fir de Pete Worden, fréieren Direkter vum NASA Ames Research Center a Beroder fir spaceresources.lu ass kloer, datt a fënnef bis zéng Joer déi wichtegst Weltall-Ressource - d'Waasser - op Asteroide lokaliséiert a matgeholl géing ginn. Domat kéint dann am Weltall Sprit produzéiert ginn. Wat Satellitte-Gesellschaften, wéi enger SES, et erlabe kéint, hir Satellitten opzetanken an d'Liewensdauer, déi den Ament bei maximal 15 Joer läit, ze verlängeren. D'Rees op de Mars, déi d'NASA a virun allem de Guru vun der "new space economy", den Elon Musk vu SpaceX, konkret plangen, wieren ouni d'Exploitatioun vun der Ressource Waasser am All net méiglech, seet de Peter Worden.

D'Waasser spillt och an de Business Pläng vun den zwou amerikanesche "space mining" Entreprisen, Planetary Resources an Deepspace Industries, eng wichteg Roll. Dës Firmen hunn zu Lëtzebuerg hir Haaptquartéien installéiert. Deepspace Industries entwéckelt eng Satellitten- a Raumschëff Propulsiounstechnologie, déi mat Waasser fonctionnéiert. Planetary Resources, an déi de Lëtzebuerger Staat 25 Milliounen Euro investéiert huet an zu 10% Aktionär ass, wëll 2020 en éischte Prospektiouns-Satellit bei en Asteroid schécken. Dat virun allem, fir Waasser ze lokaliséieren. Déi selwecht Technologie verkeeft Planetary Resources elo scho fir Satellitten, déi Biller vun der Äerd maachen. Et wier e gudde Business Modell, sot de President vum Lëtzebuerger Space Cluster, Yves Elsen, nodeem déi Lëtzebuerger Delegatioun d'Mammenhaus vu Planetary Resources zu Seattle besicht huet. Dat wier ee Marché, fir deen et eng staark Demande gëtt. Jidderee wéilt ëmmer méi Date vun der Äerd. "Eng Missioun vu Planetary Resources ass d'Beschafenheet vun engem Asteroid z'analyséieren an ze kucken, ob et eng Chance gëtt, Waasser oder Edelmetaller ze fannen. Dat ass de Kadasterplang vum Weltall - ouni dee kënnt de Rescht och net."

Ënnerschrëfte vun Astronauten am Weltall

Verglach mat der Satellittegesellschaft SES

Datt Investissementer an deen neie Weltall Secteur mat zimlech héijem Risiko verbonne sinn, dementéiert de Wirtschaftsminister net. "Nothing Ventured, Nothing Gained", ass och säi Motto. Dobäi zitéiert den Etienne Schneider ëmmer nees de Succès vun der SES. An den 80er Joren wier de finanziellen Engagement vum Staat och do kritiséiert ginn. Dee Verglach mat SES kann awer a Fro gestallt ginn, well de Maart an d'Technologie fir Televisiouns-Satellitte war deemools méi konkret, wéi dee vun de Weltall-Ressourcen. De Matteo Genna, Direkter fir Technologie bei der amerikanescher Satellittekonstruktiouns-Gesellschaft SSLoral ass der Meenung, datt d'Offer an d'Demande fir d'Space Resources-Ekonomie gläichzäiteg missten entstoen. "D'Space Mining-Entreprisen zécken, fir hire Business z'entwéckelen, well nach keng Demande fir d'Ressourcen do ass. Déijéineg, déi d'Weltall-Ressourcë wëlle gebrauchen, zécken och, well d'Geschäft mat de Ressourcen nach net ugelaf ass. Eng staatlech Interventioun, wéi déi vu Lëtzebuerg, hëlleft awer fir alles weiderzebréngen. Wann et bis leeft, kann dat schonn eng nohalteg a profitabel Wirtschaft ginn."

200 Milliounen Euro Budget fir Spaceresources

Als Regierung wier decidéiert ginn, e Budget vun 200 Milliounen Euro fir d'Spaceresources-Initiativ iwwert déi nächst Joren ze lancéieren. "Dee Budget ass nach laang net ausginn. Mir hu lo am ganze 25 Milliounen ausginn." De Gros wier an aner Firmen investéiert ginn, esou den Etienne Schneider. "Et ass also net esou, datt mer d'Suen iergendwou verpolveren, mä mir wëllen och en ekonomeschen Ertrag kréien." Fir dësen z'optimiséieren, wëll Lëtzebuerg mat anere Länner zesummeschaffen, zum Beispill mat Japan. Et misst och genee analyséiert ginn, wat d'Plus-Value fir Lëtzebuerg am Spaceresources-Beräich wier. "Do hu mer Wëlles, eng Etude an Optrag ze ginn an déi beschten Opportunitéite fir Lëtzebuerg festzeleeën."

Eng Stäerkt wier d'Fuerschung. D'SNT bei der UNI ass op Robotik spezialiséiert. Dat ass e kruziale Secteur fir d'Entwécklung vun ëmmer méi kléngen, liichten an dofir manner deiere Weltall-Roboteren. De Luxembourg Institute of Science and Technology spillt och eng wichteg Roll. De LIST schafft mat der NASA zesummen an entwéckelt e Spektrometer fir e Rover vun der japanescher Entreprise ISpace, déi viru kuerzem och op Lëtzebuerg koum. Den 28. Dezember soll dee Rover op de Mount geschéckt ginn, mat och dem Lëtzebuerger Logo drop. Dat wier dann déi éischt Lëtzebuerger Mound-Missioun, esou den Etienne Schneider.

Spaceresources-Ekonomie elo scho Realitéit

Bei der Wirtschaftsrees an d'USA gouf a Gespréicher mat Firmen aus der Silicon Valley och kloer: D'Space Resources Ekonomie ass zum Deel scho Realitéit. Ee Beispill ass Made in Space, eng amerikanesch Firma, déi u Lëtzebuerg intresséiert ass. Si baut 3D-Printeren, déi am Weltall Stécker a Strukture kënne "printen". Ee vun hiren 3D-Printeren wier op der Internationaler Weltraum-Statioun schonn am Asaz, esou de Chief Technology Officer Jason Dunn. "D'Weltall-Statioun produzéiert vill Offall aus Plastik. Mir gebrauchen deen Offall, fir op der Weltraum-Statioun mat eisem 3D-Printer Saachen ze bauen. Mir recycléieren also do scho Ressourcen. Spéider wëlle mer dat och mat Ressourcë vun Asteroide maachen."

D'Firma "Made in Space" ass u Lëtzebuerg interesséiert

E weidere Pilier fir d'Entwécklung vun der Spaceresources-Wirtschaft zu Lëtzebuerg soll déi nei Lëtzebuerger Weltraum-Agence ginn. De Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet se a Kalifornien ugekënnegt a wëll se nach virun de Parlamentswahlen an d'Liewe ruffen. D'Agence soll hëllefen, déi nei Weltall-Gesellschaften, déi u Lëtzebuerg interesséiert sinn, erauszesichen. Si soll duerch e staatlech-private Fong vu 70 bis 100 Milliounen Euro finanzéiert ginn. "Déi net wéi d'NASA oder d'ESA riseg Zommen vu Kapital verschléngen a wou hanne ganz dacks keen ekonomesche Rendement fir de Staat erauskënnt." Et géing drëms goen, fir sech op déi ekonomesch Entwécklung am Beräich Spaceresources ze fokusséieren. "Dat am léifste mat privatem Kapital a sou mann wéi méiglech Steiergelder."

D'Fondatioun B612 huet a Kalifornien annoncéiert, datt si sech permanent zu Lëtzebuerg etabléiert. Dës Fondatioun setzt sech dofir an, datt Ofwier-Systemer entwéckelt ginn, fir d'Äerd virun enger Asteroide Kollisioun ze schützen. Dëst ass e weidere Coup fir de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister. Den Etienne Schneider gleeft fest drun, datt Lëtzebuerg mat Spaceresources grouss Schrëtt wäert maachen.