Sozialwahlen 2019 Kandidate fir Salariatskammer

264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter, och Frontaliere stëmme mat of.

Pia Oppel / cbi

Bréifwahl
D'Wahle fir d'Salariatskammer gi per Bréifwahl ofgehal. Foto: Bigstock / AndreyPopov.

Ënner de Kandidate sinn d'Männer mat ronn 70 Prozent staark iwwerrepresentéiert. Manner wéi een Drëttel vun de Kandidate si Frontalieren.

264 Kandidaten an 9 Gruppen

Den Onofhängege Gewerkschaftsbond an de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond kandidéieren an alle Gruppen, ausser an deem vum CFL-Personal, wou eleng déi sektoriell Gewerkschafte Syprolux a Landesverband Kandidaten an d'Renne schécken.

Am Grupp vum Finanzsecteur kandidéiert nieft dem OGBL an dem LCGB wéi gewinnt nach d'Associatioun vun den Employéen am Banken- an Assurancësecteur Aleba. Am Grupp vun de Salariéen, déi am ëffentlechen Déngscht oder bei ëffentlechen Entreprisë schaffen, huet nieft den zwou grousse Gewerkschaften och d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC eng Lëscht deposéiert.

Jean-Claude Reding wëllt net méi President ginn

Bei enger Rei Gewerkschafte ginn och d'Spëtzevertrieder mat an d'Wahlen: Dorënner den OGBL-President André Roeltgen, den LCGB-President Patrick Dury, den Aleba-President Roberto Scolati, d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy, grad wéi de President vum Landesverband Georges Merenz.

Den aktuelle President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding kandidéiert elo am Grupp vun de Pensionéierten. Géintiwwer dem Lëtzebuerger Land hat hie scho präziséiert, datt hie kee weidert Mandat als President ustrieft. Dee Poste kéint un den André Roeltgen goen - wann den OGBL seng Majoritéit an der CSL behält an den OGBL-President ee gutt Wahlresultat huet.

Bei de leschte Sozialwahlen 2013 hat den OGBL 38 Sëtz kritt, den LCGB 15 Sëtz, d'Aleba véier Sëtz, de Landesverband zwee Sëtz an de Syprolux ee Sëtz. D'Wahlbedeelegung bei de leschte Wahle fir d'Salariatskammer louch bei ronn 36 Prozent.


D'Pia Oppel am Panorama, de 17. Dezember um 18 Auer

Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Reding
D'Zukunft vun der Aarbecht

Déi sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg sinn an de leschte Jore weider geklommen, seet de Jean-Claude Reding. Ënner anerem, well déi ënnescht Léin manner séier geklomme si wéi déi héich.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen