En Dënschdeg haten d'Gewerkschaften CGFP, OGBL an LCGB an engem gemeinsame Bréif hir Roserei ausgedréckt a gefuerdert, endlech mat agebonnen ze ginn an d'Diskussiounen iwwer d'Exit Strategie a besonnesch och dat sougenannte Pandemie-Gesetz - dat elo Covid-19-Gesetz genannt gëtt. Den Donneschdeg konnte si am Sennenger Schlass dunn zwou Stonne laang mat praktesch der ganzer Regierung diskutéieren.
"Ech mengen d'Regierung huet och agesinn, datt et awer vläicht besser ass, mol nees mat de Sozialpartner ze schwätzen", esou de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP. Detailer iwwer d'Covid-19-Gesetz krute si zwar nach keng. Mee e Méindeg solle si en éischten Text kréien, den Dag drop ass eng weider Reunioun tëschent de Gewerkschaften an der Regierung geplangt. Eng Prioritéit ass fir d'Syndikater och de Chômage partiel, dee misst weidergeféiert an opgebessert ginn, esou den LCGB President Patrick Dury.
Tripartite? Premier wëllt sech nach net festleeën
Wat d'Gewerkschaften och nach ëmmer fuerderen ass eng Tripartite. Eng weider geplangte Reunioun, den 10. Juni, wier dofir am Beschten zu dräi, also och mam Patronat, esou d'OGBL Presidentin Nora Back.
De Premier Xavier Bettel seet, hie bräicht nach déi néideg Zuelen. "Ech hunn haut vu Bréissel nach keng Decisiounen iwwer verschidden Aiden, déi mer kënne maachen oder net. Wann ech do en "Niet" kréien, dann ass et ganz anescht. Da schwätze mer vun engem Zenario, deen dramatesch ass. Dowéinst waarden ech op all déi Donnéeën", esou de Premier.
Zousécherunge fir den Horesca-Secteur
Och fir d'Patronats-Organisatiounen, déi den Donneschdeg no de Gewerkschafte mat der Regierung diskutéiert hunn, war et e positiivt Treffen, esou den Nicolas Buck, President vun der Unioun vun den Entreprisen UEL. "Am Horesca an am Tourismus - déi Betriber brauchen elo awer kloer Äntwerten. An do huet och d'Regierung confirméiert, datt se do mat engem Pak kënnt."
D'nächst Woch géif d'Regierung Detailer iwwer déi Mesurë ginn, sot nach de Premier Xavier Bettel.