Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Recuerdos De Tanger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialkonflikt bei Saint-Paul

Lëtzebuerger Presselandschaft

Sozialkonflikt bei Saint-Paul

Beim Grupp Saint-Paul gëtt et ee Sozialkonflikt. Well am Juli eng garantéiert Primm net ausbezuelt gouf, ass d'Gewerkschaft LCGB elo mat der Direktioun op der Schlichtung.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


D'Direktioun hätt bis ewell kee klore Grond genannt, wisou déi Primm net ausbezuelt gouf, kritiséiert den Delegéierte vum Grupp Saint-Paul Guy Pelletier. D'Generaldirektioun gesäit dat anescht. Si hätt eegenen Aussoen no konkret Grënn genannt, mee wollt net op Detailer agoen. Et wier ni zu enger Kommunikatioun vun der Direktioun komm, wat d'Ursaache vun där Mesure uginn. "Et war einfach: déi gëtt net ausbezuelt", esou de Guy Pelletier.

D'Generaldirektioun hätt eegenen Aussoen no awer konkret Grënn genannt, mee wollt net op Detailer agoen. D'Delegatioun géif sech Suerge fir d'Zukunft maachen, esou nach de Guy Pelletier.

"An do stellt ee sech Froen, wéi et fir d'Zukunft ausgesäit. Ech mengen déi sanitär Kris, déi mir hunn, impaktéiert mat Sécherheet all Mediebetriber. Ech mengen, déi Primm war en éischte Schock. An ech hoffen, datt et bei deem Schock bleift."

D'Gewerkschaft LCGB huet elo decidéiert op d'Schlichtung ze goen. En Datum ass nach net virgesinn.