Radioen

On air

Notturno  |  The Saxophones - Take My Fantasy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozial Rechter net kompatibel mat Klimaschutz?

EU-POLITESCHE WOCHERÉCKBLÉCK

Sozial Rechter net kompatibel mat Klimaschutz?

D'EU huet grouss Ambitioune wat de Klimaschutz ugeet. Wéi kompatibel ass dee geplangte Green Deal mat aneren EU-Direktiven? En Accord iwwer nei Reegele fir Camionschauffere weist, datt Klimaschutz a Sozialpolitik sech am Wee kéinte stoen.

auto_stories

4 min

Déi lescht Woch gouf et een historesche Moment: D'Europaparlament an d'Memberlänner si sech no bal dräi Joer eens ginn iwwer nei Reegele fir Camionschaufferen. Dës Woch awer huet d'Kommissioun gesot, een Deel vun den neie Reegele wier net konform mam "Green Deal", also de Klimaschutzmesuren, déi si afréiere wëllt. Mat wat genee ass d'Kommissioun net d'accord?

Déi nei Reegele leeën ënner anerem fest, wéi laang ee Chauffer ënnerwee dierf sinn, wéi laang a wou hie Paus maache muss. D'Reegele sollen d'Aarbechtsbedéngunge vun de Chauffere verbesseren, déi jo, wéi mer wëssen, dacks net déi bescht sinn.

Dat neit Reegelwierk soll sozialen Dumping verhënneren, also datt dës Transportentreprisen a verschiddene Länner duerch ebe méi labber Reegele besser Konditiounen hunn an dowéinst um Marché déi aner verdrängen.

D'Europäesch Kommissioun ass do natierlech och dofir. Dowéinst koum hire Kommentar dës Woch e bëssen iwwerraschend.

Den EU-Kommissär Valdis Dombrovskis sot, datt verschidde Restriktiounen a Kontradiktioun mat den Ambitioune vum Green Deal sinn, also deem Plang, dee Klimaschutzmesurë proposéiert. Als Beispiller nennt hien d'Restriktiounen, wéi laang ee Chauffer am Ausland ka fueren, an datt Camionen no aacht Woche spéitstens an dat Land mussen zeréckfueren, wou d'Entreprise hire Sëtz huet.

De Kommissär sot, datt dës nei Reegelen dozou féieren, datt eidel Camionen zeréckfueren, an déi Länner, wou d'Entreprise doheem ass - dat wier net am Sënn vum Klimaschutz. D'Kommissioun géif doriwwer eng Impaktstudie maachen an ënnersichen, wat dat fir Auswierkungen op de Klimaschutz huet, an datt si géif noutfalls eng nei Propos fir aner Reegele maachen.

Gëtt elo de Klimaschutz géint d'Sozialpolitik ausgespillt?

Dat wier net ze hoffen, an et wier effektiv interessant ze héieren, wat den EU-Kommissär fir Soziales, den Nicolas Schmit, dozou seet. D'Gewerkschaft vun de Camionneuren, d'ETF (Europäesch Transport-Aarbechter Federatioun) huet direkt reagéiert a protestéiert.

Si seet, datt déi nei Reegele par konter dozou géife bäidroen, datt dee Green Deal ebe just ëmgesat gëtt. Si géifen also am Sënn vum Klimaschutz wierken. Zum Beispill doduerch, datt méi vun der Strooss op d'Schinn oder d'Waasser verlagert gëtt, an zwar well den Transport iwwer d'Strooss méi deier géif ginn. D'Direktiv suergt nämlech dofir, datt de Secteur domat ophält, op illegal Aart a Weis d'Aarbechtskäschten niddereg ze halen - wat den Ament geschitt.

Deemno géifen aner méi propper Transportméiglechkeeten och méi kompetitiv ginn.

Ausserdeem wier néierens geschriwwen, datt d'Camionen eidel zeréckfueren - wann een dat op eng effektiv Aart a Weis organiséiert, misst dat jo net de Fall sinn.

D'Mesure, datt d'Camionen zeréckfuere mussen, gouf iwwerdeems och vun Europadeputéierte verteidegt. Si soen, datt dat ee Moyen ass fir Breifkëschtenentreprisen an deem Secteur a verschiddene Bëlleglounlänner ze verhënneren.

Wéi geet et do elo virun?

D'Stëmmung ass weider gespaant - an et ass net sécher, ob deen Deal tëschent Parlament a Memberlänner iwwerhaapt hält - et huet wéi gesot bal dräi Joer gedauert een Accord auszehandelen - mee deen ass provisoresch a muss nach definitiv vu béide Säiten ugeholl ginn, dat kann nach schif goen.

An déi ambigu Haltung vun der Kommissioun hëlleft hei net.

D'Spriecher vun der Kommissioun hunn d'Fro, ob si dann elo den Accord wéinst dem Klimaschutz blockéiere wielt, gëschter net richteg beäntwert. D'Kommissioun war déi ganzen Zäit bei de Verhandlungen dobäi - an et ass scho komesch, datt se elo um Schluss mat deenen Argumenter kënnt. Et fält och op, datt zwee Kommissäre sech hei méiglecherweis net ganz onparteiesch verhalen hunn - d'Verhale vun der Kommissioun werft hei effektiv Froen op.

Wéi eng sinn dat genee?

Et fält op, datt déi nei Transportkommissärin Adina Iona Valean Rumänin ass - a Rumänien an de Verhandlungen déi ganzen Zäit bis zum Schluss géint déi nei Reegele war an nach ass - si soll sech net wierklech dofir agesat hunn, datt een hei zu engem Accord kennt.

Och den ungaresche Kommissär Olivier Varhely soll sech agemëscht hunn - wann dat géif stëmmen, hätten déi zwee hei natierlech hir Kompetenze kloer iwwerschratt - an deem si national Interêten als EU-Kommissäre vertrieden. Eppes, wat net geet - EU-Kommissäre sinn dofir do, europäesch Reegelen ze proposéieren an dofir ze suergen, datt se richteg ëmgesat ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.