Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Soss verléiert dat Ganzt awer iergendwou u Glafwierdegkeet"

Referendum iwwer Fusiounsprojet Nordstad

"Soss verléiert dat Ganzt awer iergendwou u Glafwierdegkeet"

Bis de 15. Januar mussen d'Gemengen hir Avisen iwwer de Programme directeur de l'aménagement du territoire 2023 eraginn. Dee gesäit ënner anerem vir, datt d'Gemengen Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng un der Sauer de Statut vum Centre de Développement et d'attraction d'importance nationale kréien an doduerch och méi Subsiden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gemenge Schieren a Bettenduerf kréichen dee Statut dogéint just am Fall vun enger Fusioun vun de fënnef Nordstad-Gemengen. Ob a wéini et zu enger Fusioun kënnt, déi schonn zanter Joren an der Diskussioun ass, ass nach ëmmer net kloer.

Kloer ass awer, datt den ugekënnegte Referendum net méi virun de Gemengewalen am Juni d'nächst Joer organiséiert gëtt.

D'Fro vum Referendum

Och aus der Iddi de Referendum um Dag vun de Gemengewalen ofzehale géif näischt ginn, bedauert den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf. Elo soll den neie Gemengerot eng Decisioun huelen. "Dofir si mir leider do, wou mir elo sinn, an da komme mir och net esou séier virun", bedauert de Jean-Paul Schaaf.

Spéitstens an der Hallschent vun der nächster Legislaturperiod misst de Referendum organiséiert ginn, seet de Buergermeeschter vun Dikrech a President vum Syndicat à vocations multiples Nordstad, de Claude Thill. Do wiere sech déi fënnef Gemengeréit eens.

"Soss verléiert dat Ganzt awer iergendwou u Glafwierdegkeet. An och dat gëtt nach eng Erausfuerderung, well wa mir d'Leit am Referendum froen, ob si fir eng Fusioun oder géint eng Fusioun sinn, da kënne mir net zu de Leit soen : "Gitt eis den Optrag fir ze fusionéieren, a mir soen iech herno, wat dat heescht"."

Praktesch Froe bleiwen ze klären

Virum Referendum misst fir d'éischt emol e Fusiounsprojet mat der Regierung negociéiert ginn. Och d'Referendumsfro misst nach formuléiert ginn, sou nach den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf.

"Et muss kloer sinn, datt et den Numm Nordstad ass, wou ech unhuelen, datt dat fir jiddweree kloer ass. De Siège muss definéiert ginn, d'Zuel vun de Gemengerotsmemberen, Schäfferéit, asw. also et gëtt eng ganz Rei praktesch Saachen, déi misste virun deem Referendum stoen, datt een dat de Bierger ka propper erklären."

Am Januar wëllen déi fënnef Nordstad-Gemengen eng gemeinsam Stellungnam iwwer de PDAT eraginn. Bei dëser Geleeënheet wéilt een dann och e Bilan zéien.