Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesried vum Feinsten

Etat de la Nation

Sonndesried vum Feinsten

D'Regierung huet mat der Ried zur Lag vun der Natioun gewisen, datt se an de leschte Joren dobäigeléiert huet, wéi ee sech gutt verkeeft. Inhaltlech huet d'Koalitioun sech net weider entwéckelt. E Kommentar.

auto_stories

3 min

D'Regierung preparéiert d'Gemengen- a Chamberwahlen, mengt den 100,7-Chefredakter

D'Regierung verkeeft sech besser, wéi um Ufank vun der Legislaturperiod. Sträicht een an der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun awer all d'Marketing-Elementer, all déi scho bekannten Elementer an all déi Mini-News, déi kee groussen Impakt hunn, da bleift net méi vill Rescht.

Beispill Mobilitéit: de Stau am Verkéier soll ënnert anerem duerch méi Télétravail reduzéiert ginn. Mir kréien erkläert, datt et Modeller dofir ginn, mä d'Regierung engagéiert sech zu Näischt: keen Zäitplang, kee konkrete Projet.

Widderhuelungen ouni Detailer

D'Ried vum Premier war voll där Elementer. Souguer d'Annonce, datt d'Kannerbetreiung soll vun der Rentrée 2017 un deelweis gratis ginn, ass net nei, mä d'Confirmatioun vu Pläng, déi den Educatiounsminister scho virun engem knappe Joer devoiléiert hat.

Dobäi muss ee soen, datt de Regierungsprogramm "mëttelfristeg" eng komplett Gratuitéit vun der Betreiung fir Kanner tëscht Null a Dräi Joer virgesinn huet. Vu datt et scho sou laang a Planung ass, hätt ee sech dofir haut an der virleschter Ried zur Lag vun der Natioun an dëser Legislaturperiod op d'mannst e fäerdege Plang erwaart, mat virun allem enger detailléierter Käschten-Notzenanalys.

Kee Schluss-Spurt?

Och wann d'Regierung et net wollt soen: Et bleiwen hir manner wéi annerhalleft Joer fir hir Projeten ëmzesetzen. Dono gëtt en neit Parlament gewielt, mat méiglecherweis neie Kräfteverhältnisser. Deemno hätt ee sech eigentlech haut eng kloer Informatioun doriwwer erwaart, wéi d'Regierung déi aktuell Chantieren ofschléisse wëll. Beispill: Zënter dem Héichpunkt vum Sträit am Mäerz dëst Joer mat de Kierchefabricken, déi de Patrimoine vun de Kierchen op lokalem Plang geréieren, gëtt kee Wuert méi doriwwer verluer. Mir hunn domat eng Sonndesried vum Feinsten zerwéiert kritt.

Am Contraire erkläert de Xavier Bettel dem Land, d'Regierung géif haut u "Konzepter" schaffen, "déi eréischt an Zukunft zum Droe kommen". Wann dat da sou wier, kéint se de Courage hu präzis ze soen, wou d'Politik och no de Chamberwahlen histeiere soll. Dat awer mécht déi blo-rout-gréng Koalitioun net, sou wéi vill aner Regierungen et virdrun och net gemaach hunn. Dësen Oktober si Gemengewahlen, an am Oktober 2018 Chamberwahlen; bis dohi soll de Bilan sou gutt wéi méiglech verkaf ginn.

2013 stoe bliwwen

Neies ass net méi z'erwaarden: d'politesch Projete vun dëser Regierung baséieren nach ëmmer haaptsächlech op de Kompromësser, déi DP, LSAP an déi gréng virun dräi an engem hallwe Joer an der Euphorie séier op en DIN A4 Ziedel geschriwwen hunn. Dat ass net ongewéinlech am politesche Geschäft: trotzdem sollt eng Koalitioun et och während enger Legislatur fäerdeg bréngen nei politesch Projeten z'entwéckelen an ze lancéieren.

Dat eenzegt, wat geännert huet, ass de Käschtepunkt: D'Regierung ass bereet méi staatlech Gelder auszeginn, wéi 2013 geduecht. Dobäi huet d'Regierung eng immens Chance. Datt d'Lëtzebuerger Ekonomie esou staark wuesse géif, dorun huet an de Koalitiounsverhandlungen nach kee gegleeft. Jidderee weess: Eng gutt Konjunktur mécht et zu Lëtzebuerg einfach ze regéieren. Da kann een d'Steiere reduzéieren a gläichzäiteg d'Ausgaben héijen, d'staatlech Investissementer héich halen.

Och wann dat ekonomesch gesinn deelweis Sënn ergëtt, ass et net ëmmer sou nohalteg, wéi d'Regierung eis dat wëll gleewen dinn. Well déi nächst Baisse vun der Konjunktur kënnt mat Sécherheet, just ebe mat grousser Wahrscheinlechkeet eréischt no de Chamberwahlen.